An der Nuecht op e Samschdeg stoung an der Formel 1 den éischte Sprint vum Joer um Programm, bei deem 19 Ronnen um Circuit zu Shanghai ze fuere waren.
Um Enn konnt de Mercedes-Pilot a Pole-Setter George Russell déi nächst Victoire vun der Saison feieren a sech virun de Ferrari-Piloten Charles Leclerc a Lewis Hamilton duerchsetzen. No São Paulo 2022 ass et déi zweet Sprint-Victoire an der Karriär vum Russell, deen och schonn d’Course zum Optakt vun der Saison an Australien gewonnen hat.
De Weltmeeschter Lando Norris op McLaren ass e Samschdeg de Moien de 4. ginn an de Kimi Antonelli (Mercedes) huet et trotz enger Zäitstrof vun 10 Sekonnen nach op déi 5. Plaz gepackt. Den Oscar Piastri am McLaren huet sech als 6. klasséiert, wärend et fir de Max Verstappen am Red Bull just fir eng 9. Plaz duergaangen ass.
Am Qualifying fir d’Course e Sonndeg konnt de 19 Joer jonke Kimi Antonelli sech d’Pole Position sécheren an ass domat dee jéngsten, deem dat an der Formel 1 gelongen ass.
Virun allem déi zwee Ferrari-Piloten Lewis Hamilton a Charles Leclerc haten e gudde Start erwëscht, soudass si allebéid direkt e puer Plaze guttgemaach hunn. De Kimi Antonelli (Mercedes) an de Max Verstappen (Red Bull) waren dogéint net gutt fortkomm an hu jeeweils 6 Positioune verluer.
Den Hamilton an de Pole-Setter George Russell (Mercedes) hu sech an den éischte Ronnen un der Spëtzt ofgewiesselt, duerno konnt de Russell sech awer no an no ofsetzen. Hannendru konnt de Leclerc säi Coequipier Hamilton iwwerhuelen an op Plaz 2 sprangen, et sollt awer net duergoen, fir un de Russell erunzekommen.
Den Antonelli huet iwwerdeems no sengem schwaache Start Plaz ëm Plaz guttgemaach a konnt sech nees op déi 3. Plaz eropschaffen, e Safety-Car-Asaz no 14 Ronnen huet him awer wéinst enger Zéng-Sekonnen-Zäitstrof aus der 7. Ronn net an d’Kaarte gespillt. Den Italieener huet sech dunn dofir decidéiert, d’Strof wärend dem Safety Car an der Box ofzesëtzen.
Nom Neistart an der 16. Ronn goufen et un der Spëtzt keng gréisser Changementer méi, soudass de Russell de Sprint a China virum Ferrari-Duo Leclerc an Hamilton fir sech entscheede konnt.