
No enger 71:54-Victoire auswäerts beim AB Contern geet den T71 Diddeleng an der Serie 2:0 a Féierung. Nächste Freideg kéint den T71 den Titel an eegener Hal feieren.
Schlecht Noriichte gouf et fir Conter scho virum Optakt vum Match, d'Profispillerin Caileigh Walsh war net disponibel. D'Gäscht vun Diddeleng hunn dach och net laang gebraucht, fir sech e Virsprong erauszespillen. Conter konnt allerdéngs reagéieren an beim Stand vun 24:24 ausgläichen. Duerno sollt Diddeleng de Match awer dominéieren: Van Kleunen a Co. hunn ënner dem Kuerf dominéiert a louchen zur Paus 37:24 a Féierung.
Diddeleng huet d'Partie no der Paus weider kontrolléiert. Conter konnt virun allem duerch eng schwaach Trefferquot (5 vun 26 Dräier) net méi zeréck an de Match kommen. D'Shalonda Winton koum op 22 Punkten, d'Lauren Van Kleunen huet 20 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Dammen vun Hueschtert steigen op
An der Nationale 2 bei den Dammen huet sech de Gréngewald/Hueschtert den Opstig an d'Enovos League geséchert, d'Serie géint Schieren huet Hueschtert 2:0 gewonnen.
Um leschte Spilldag am Playdown bei den Häre setzt sech de Racing Lëtzebuerg mat 90:79 auswäerts géint d'Musel Pikes duerch. Domadder bleift de Racing an der Enovos League an der Saison 2026/27. D'Musel Pikes mussen sech am Barrage (Best-Of-Three Serie) géint Hiefenech duerchsetzen fir en Ofstig an d'Nationale 2 ze evitéieren.