KI-generéierte PostX-Account vum Jean-Claude Juncker gouf gehacked

Andy Brücker
E Mëttwoch de Mëtteg ass eng dach skurril Foto um Jean-Claude Juncker sengem X-Account gepost ginn.
De fréiere Premier huet dat heite Bild net selwer op sengem X-Account publizéiert
De fréiere Premier huet dat heite Bild net selwer op sengem X-Account publizéiert
© RTL Grafik

De Jean-Claude Juncker ass net dofir bekannt, dass hien op de soziale Reseauen aktiv wier. Deementspriechend iwwerrascht war een um Mëttwoch de Mëtteg, wéi ob eemol um X-Account vum fréiere Premier eng Foto gepost gouf, op där een eng Persoun gesäit, déi Ähnlechkeet huet mam Ex-President vun der EU-Kommissioun, allerdéngs verkleet an engem Kostüm als faarwegt Hong.

Op Nofro beim Pressebüro vum Jean-Claude Juncker krute mer direkt verséchert, dass den Här Juncker op kee Fall sou eppes géif posten. An der Zäit als EU-Kommissiounspresident huet ee Social-Media-Beoptraagte vum Bréisseler Büro seng Posts op X geréiert an et gesäit een och, dass do den 1. Dezember 2019 déi leschte Kéier eppes verëffentlecht gouf. Zanterhier war et roueg gewiescht op deem Account.

An Tëschenzäit gouf de besote "Fake-Post" dann och scho geläscht. De Büro zu Bréissel huet sech direkt drëm gekëmmert, dass dee verschwanne soll.

Back to Top
CIM LOGO