
Viru véier Joer ass d'Hanna mat hirem Mann zu Lëtzebuerg ukomm, mat net vill méi wéi hirem zwee Méint ale Puppelchen, enger Kaz an enger Wallis. Si waren um éischten Dag vum russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain aus hirer Heemecht geflücht an hunn hiert aalt Liewen an hir Familljen zeréckgelooss. Keent vun hiren Heemechtsdierfer ass haut nach ënnert ukrainescher Kontroll.
"Mir wossten net, wou mir hiwollten, oder wat als nächst géif geschéien", erënnert sech d'Mamm. Nodeems si ee Mount bei Famill an Däitschland ënnerkomm waren, si si op Lëtzebuerg gaangen, wou si vun enger Friemer opgeholl goufen.
"Si huet eis eng Plaz gi fir ze wunnen, Kleeder, Alldagsproduiten, a souguer ee Bong fir der Kaz Fudder ze kafen. Wann een alles verluer huet, bedeiten esou kleng gutt Dote méi, wéi een et a Wierder ausdrécke kéint", seet d'Hanna.
Antëscht huet d'Famill sech agelieft an d'Hanna huet "Kids in Luxembourg" gegrënnt, eng Communautéit an de Soziale Medie mat iwwer 23.000 Follower op Instagram, TikTok a Facebook. Si huet och eng Kommunikatiounsagence gegrënnt, déi Theeme mat sozialem Impakt opgräift.
Wat als Wee ugefaangen huet, Spillplazen, Muséeën an aner familljefrëndlech Plaze fir hir Duechter ze entdecken, ass ass zu enger Ressource fir Dausende Familljen uechter d'Land ginn.