EU-Geriicht zu Lëtzebuerg huet decidéiertReesportal Booking dierf eTraveli net iwwerhuelen

AFP, iwwersat vun RTL
Réckschlag fir Booking.com: De Reesubidder dierf de Fluchportal eTraveli net iwwerhuelen.
Rückschlag für Booking.com: Der Reiseanbieter darf das Flugportal eTraveli nicht übernehmen.
Booking hat géint d'Verbuet geklot an awer net Recht kritt.
© AFP/Archiv

2023 hat d'EU-Kommissioun eng Iwwernam vun eTraveli duerch Booking.com verbueden. De Reesportal huet dogéint geklot, krut awer och elo an zweeter Instanz net Recht vum EU-Geriicht e Mëttwoch hei zu Lëtzebuerg. Eng Fusioun vu béide Firme wier eng ze grouss Konkurrenz. Elo iwwerpréift Booking, ob ee géint d'Urteel ka virgoen.

D'europäesch Konkurrenzopsiicht hat de Verbuet vun 2023 mat der Suerg begrënnt, dass d'Käschte souwuel fir Hoteller wéi och fir deem seng Clientë kéinte klammen. Booking wier den dominéierenden Hotelportal am Europäesche Wirtschaftsraum. Géif een e Fluch buchen, wier dat dacks den éischte Schratt, eng Rees ze buchen. Bei enger Fusioun géife vill Leit, déi e Fluch gebucht hunn, warscheinlech direkt och bei Booking eng Schlofplaz reservéieren. Fir d'Konkurrenz géif et domat méi schwéier ginn, mam Portal matzehalen.

Dat huet ee bei Boooking net gëlle gelooss a geklot. D'Fusioun géif zu méi Effizienz féieren, sou d'Géigenargument. D'EU-Geriicht ass awer der selwechter Meenung wéi d'EU-Kommissioun a seet déi negativ Suitte kéinten net ausgeglach ginn. Elo scho géif et bei den Online-Reesbüroe grouss Ënnerscheeder ginn tëscht dem Maartleader Booking an der Konkurrenz. Wann de Maartundeel nëmmen eng Grimmel géing erhéicht ginn, kéint dat deen Effekt verstäerken. Donieft géif de Wuesstem an deene wéinege Beräicher entstoen, déi Booking nach net beherrscht, nämlech bei de Flich. Esou kéint e Rees-Ökosystem entstoen, un deen aner Ubidder nëmme schwéier erukéimen.

Booking war immens enttäuscht vum Urteel. "Mir si mam Resultat net averstanen a bleiwe bei eiser fester Iwwerzeegung, dass d'Bewäertung vun der EU-Kommissioun souwuel an tatsächlecher wéi och a rechtlecher Hisiicht falsch war", heescht et beim Reesportal. Et géif een iwwerpréiwen, ob ee beim Europäesche Geriichtshaff an Appell geet.

Back to Top
CIM LOGO