
De Patrick Bruel ass e Méindeg de Moie virleefeg festgeholl ginn. De Parquet vun Nanterre wëllt de Sänger an Acteur op de Büroe vun der Police judiciare an der Prefektur Paräis zu enger Rei Virwërf befroen. Et lafe ronn eng Dose Plaintë géint hie wéinst Viol a sexuellen Iwwergrëffer. Zu 6 vun deene Fäll, zu deenen et tëscht 1997 an 2012 soll komm sinn, gëtt de Kënschtler zu Paräis interrogéiert.
Bis ewell hat de Bruel d'Virwërf alleguer zréckgewisen. Seng Affekoten hu preziséiert, dass hire Mandat zu all Moment disponibel war fir d'Justiz, fir am Kader vun enger Prozedur virun den Autoritéiten ze äntweren. Hie géing sech alle Froe stellen an all néideg Informatioune liwweren, fir seng Onschold ze beweisen. D'Convocatioun hätt hie scho viru Woche kritt gehat. De 67 Joer ale Kënschtler huet de gréissten Deel vu senger nächster Tournée, déi Mëtt Juni hätt sollen zu Paräis ufänken, ofgesot.
D'garde à vue kann ëm 48 Stonnen, bis e Mëttwoch de Moien, verlängert ginn.