ParäisMann spréngt mat Fallschierm vum Eiffeltuerm a gëtt verhaft
Hie gouf zwar relativ séier bemierkt, ma huet et fäerdeg bruecht, um Donneschdeg de Moien déi 330 Meter eropzekloteren.
Verëffentlecht: 17.08.23 15:13, Update: 17.08.23 15:47
De Mann ass dunn an engem Stadion an der Géigend gelant, wou en du verhaft gouf, well hien d'Liewe vun anere Persounen a Gefor bruecht huet.
Eréischt de leschte Weekend waren zwou Persoune verhaft ginn, well si d'Nuecht um Eiffeltuerm verbruecht haten.