Pisa - De Wëssensmagazin Kleng Déieren, grouss Froen – a mysteriéis Grenzgeschichten 

Olivier Catani
Firwat picke Mustiken a wéi kann ee sech schützen? Huet Lëtzebuerg e Problem mat Tigermustiken? Ausserdeem geet et ëm eng Grenz-Maark, déi fir zolidd Diskussioune suergt. De Pisa kënnt méindes um 19:00 Auer op der Tëlee an elo schonn op RTL Play.
Pisa - De Wëssensmagazin
Kleng Déieren, grouss Froen – a mysteriéis Grenzgeschichten 

Firwat picke Mustiken a wéi kann ee sech schützen. Huet Lëtzebuerg e Problem mat Tigermustiken? Ausserdeem geet et ëm eng Grenz-Maark, déi fir zolidd Diskussioune suergt. De Pisa kënnt méindes um 19:00 Auer op der Tëlee an elo schonn op RTL Play.

Nerveg awer wichteg – Mustiken op der Uklobänk

Si hunn e schlechte Ruff – dobäi si Mustiken onersetzlech fir eis Ökosystemer. Am Naturmusée weist d’Expo "AnimalECH" wéi komplex d'Relatioun tëscht Mënsch an Déier ass. De Biolog Alexander Weigand erkläert, firwat dës kleng Insekten, déi als déi geféierlechst Déiere vun der Welt gëllen, trotzdeem e wichtege Bäitrag leeschten: als Narungsquell fir aner Déieren a souguer als Bestëbser. Gläichzäiteg ginn et konkret Tipps, wéi mir eis kënne virdru schützen, gepickt ze ginn.

Geféierlech Tigermustiken

D’Santé iwwerwaacht zu Lëtzebuerg systematesch d'Ausbreedung vun dësen invasiven Aarten, dat mat engem ganzen Netzwierk vu Falen. Besonnesch am Fokus: déi sougenannt Tigermustik, déi Krankheeten ewéi Dengue oder Zika iwwerdroe kann. Experten erklären, wéi d'Iwwerwaachung funktionéiert a wat aktuell d'Resultater sinn. Och d'Bevëlkerung ass gefrot: mat einfache Moossnamen am Gaart oder der "Moskito-Alert-App" ka jiddereen zum Monitoring bäidroen.

Grenz-Maarken: verschwonnen a verstoppt

Eng spannend Spueresich féiert an d'Welt vun de Grenz-Maarken. D'Hobbyfuerscher Jos Goergen an Nico Schmit sichen no historesche Maarken, déi deelweis verréckelt oder souguer illegal verschleeft goufen. Eng dovunner soll haut an engem private Gaart stoen. De Reportage weist awer och eng Success-Story: zu Wëntger gouf eng al Grenz-Maark restauréiert an erëm op hir original Plaz zeréckgesat.

De Pisa kënnt méindes um 19:00 Auer op der Tëlee an elo schonn op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO