D'Technologie als eng Zort Co-PilotKI an de Lëtzebuerger Spideeler: Den Dokter hëlt nach ëmmer d'Decisioun

Cédric Ferry
Wann et ëm den Asaz vun der KI an de Spideeler geet, spille Froe vun der Responsabilitéit, der Informatioun vun de Patienten an der Finanzéierung eng zentral Roll.
An der Radiologie schaffen Dokteren hautdesdaags scho mat Kënschtlecher Intelligenz.
© Laurent Weber

D'Kënschtlech Intelligenz gëtt ëmmer méi performant a gëtt an ëmmer méi Beräicher agesat, sou och an der Medezin, wou se an de Spideeler a verschiddene Beräicher schonn zum Alldag gehéiert. Dat allerdéngs an engem kloer definéierte Rôle an als Outil, fir d'Dokteren ze ënnerstëtzen.

Ma eng Etüd vun der Universitéit Harvard, déi dëst Joer am Wëssenschaftsmagasinn "Science" publizéiert, an och vun der brittescher Dageszeitung "The Guardian" opgegraff gouf, weist wéi performant Kënschtlech Intelligenze schonn haut an der Medezin sinn. E sougenannte "Large Language Model", d'OpenAI o1-Serie gouf mat honnerten Doktere verglach. Et ass drëms gaangen, Urgence-Patiente richteg ze diagnostizéieren a passend Traitementer ze nennen. Dëst souwuel op Basis vu fiktive Fallstudien, wéi och op Basis vu Beschreiwunge vu realen Urgence-Fäll. D'Resultat: D'KI huet besser Diagnose gestallt a besser Behandlunge recommandéiert, wéi d'Dokteren, dat onofhängeg vun der Beruffserfarung vun de Medezinner.

Et gesäit also aus, wéi wann d'KI am medezinesche Beräich eng ëmmer méi wichteg Roll wäert spillen. Eng Entwécklung, déi och virun de Lëtzebuerger Spideeler net wäert stoppen. Grond genuch, fir bei dësen nozefroen, ob an a wéi enge Beräicher si scho Kënstlech Intelligenz asetzen, wou dat an Zukunft nach de Fall wäert sinn, wéi déi medezinesch Responsabel zum Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz stinn a wéi déi zukünfteg Relatioun tëscht der mënschlecher Intelligenz vun den Dokteren an der Kënschtlecher Intelligenz wäert ausgesinn.

Zwee Radiologen aus den Hôpitaux Robert Schuman an e Radiolog aus dem Centre Hospitalier Emile Mayrisch hunn eis schrëftlech geäntwert.

De mediatiséierten Hype vun der Realitéit um Terrain ënnerscheeden

Wann et ëm den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz an de Spideeler geet, wier et dem Dr. Yves Lasar aus dem CHEM no wichteg, tëscht de Resultater vun Etüden, déi dacks mat engem grousse Buzz géinge mediatiséiert ginn, an der Realitéit um Terrain an de Spideeler ze ënnerscheeden. Hautdesdaags géif d'KI haaptsächlech en Outil duerstellen, fir déi Professionell am Beräich vun der Gesondheet ze ënnerstëtzen an net, fir si ze ersetzen.

Esouwuel den Dokter Laser ewéi och seng Kolleegen aus den HRS, d'Dokteren Alexandre Cordebar a Jean-Baptiste Niedercorn ënnersträichen an deem Kontext, dass et an der Medezin net nëmmen ëm d'Stelle vun enger Diagnos géing. D'Aufgab vum Dokter géing sech net drop limitéieren, eng Zuel oder e Bild ze analyséieren. Villméi géing den Dokter bei sengen Decisiounen dem Patient seng Geschicht, de medezinesche Kontext, weider Symptomer an d'Entwécklung vun der Kränkt berécksiichtegen. Fir de Patient esou gutt ewéi méiglech ze behandelen, misst een ausserdeem de psychologesche Volet berécksiichtegen, eppes wat eng KI net kéint.

D'Responsabilitéit läit beim Mënsch

An de Spideeler vun den HRS a vum CHEM gëtt d'Kënschtlech Intelligenz haut scho reegelméisseg agesat. Am CHEM passéiert dat haaptsächlech a verschiddene Beräicher vun der Imagerie médicale, wéi ënner anerem der Mammographie, der Radiographie vun de Longen, der Radiologie vun de Schanken oder och dem IRM vun der Prostate. Bei der Analys vun de Biller kéint d'KI dozou bäidroen, d'Entdeckung vu verschiddenen Anomalien ze verbesseren, Aufgaben ze standardiséieren an d'Zäit, déi néideg ass, fir eng Diagnos ze stellen, ze verkierzen.

An den HRS gëtt d'KI zanter 2019 agesat. Haut gëtt se dagdeeglech a verschiddene medezinesche Beräicher agesat. Dat notamment an der Dermatologie an an der Radiologie. Engersäits géifen haut d'Scanneren an d'IRM-Maschinnen, mat deene medezinesch Biller generéiert ginn, scho mat KI funktionéieren. D'Algorithmen, déi an dës Maschinnen integréiert sinn, géifen et erlaben, d'Qualitéit vun de Biller ze verbesseren a gläichzäiteg d'Dauer vun de medezineschen Examen ze verkierzen. Ma och d'Radiologe géife bei der Anayls vun de Biller KI notzen. Dës géing et erlaben, komplex Berechnungen an Analysen duerchzeféieren. Dat géing et méiglech maachen, verschidden Anomalie méi séier opzedecken, déi op den éischte Bléck dacks schwéier ze erkenne wieren.

Konkret gëtt d'KI an den HRS ënner anerem agesat, fir gewësse Frakturen oder verdächteg Verännerunge vun de Longen oder der Prostate ze erkennen. Ma och de Verlaf vun der multipeler Skleros ka mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz quantifizéiert ginn.

Déi dräi Medezinner ënnersträichen an hirer Äntwert awer, dass d'KI weder d'Expertise vum Dokter ersetzt, nach dësen aus der Verantwortung hëlt. Den Dokter géif ëmmer den Här vu senger eegener Decisioun bleiwen an déi ganz Responsabilitéit droen. D'KI wier éischter eppes ewéi e Co-Pilot. D'Doktere Cordebar an Niedercorn illustréieren de Volet vun der Responsabilitéit dann mam Bild vun de Grenzkontrollen: Fréier hätten d'Douaniere bei enger Kontroll nach all Persoun eenzel kontrolléiert. Haut géife vill Kontrolle mat Hëllef vun automatesche Kontrollschleisen an informatesche Systemer passéieren. Ma hannert de Maschinne géing ëmmer en Douanier sëtzen, deen d'Responsabilitéit dréit. An der Medezin hätt d'Entwécklung eng änlech Logik: Verschidden Tâche ginn automatiséiert respektiv den Dokter kritt Ënnerstëtzung vun der KI, ma d'Responsabilitéit läit nach ëmmer beim Mënsch.

D'Patienten informéieren an d'Personal sensibiliséieren

An den HRS kënnen d'Patienten am Gespréich mat hirem Dokter oder iwwer hire medezinesche Rapport gewuer ginn, ob am Kader vun engem Diagnostik oder engem Traitement Kënschtlech Intelligenz agesat gouf. Eng systematesch Informatioun géif et an deem Kontext awer nach net ginn. Et géif een déi grouss Erausfuerderung bei der KI awer éischter an der Fro gesinn, ob hiren Asaz dem Patient e reellen, konkreten a gesécherte Virdeel géif bréngen.

Beim CHEM ginn d'Patienten um Internetsite doriwwer informéiert, dass d'Medezinner am Kader vun hirer Prise eng Charge kéinte Kënschtlech Intelligenz notzen. U weidere Méiglechkeeten, fir d'Patienten ze informéieren, géing geschafft ginn.

A béide Spideeler ass ee sech dann och eens, dass et fir den Asaz vun der KI am Spidolssecteur Richtlinne brauch. Wéi de Julien Sassella, "Data Protection Legal Counsel" an den HRS an deem Zesummenhang erkläert, hätt een - à ce stade - an den Hôpitaux Robert Schuman dowéinst eng Charte iwwert den Ëmgang mat der generativer KI ausgeschafft. Dës géing d'Dokteren an d'Spidolspersonal un d'Responsabilitéiten am Ëmgang mat, an un d'Grenze vum Asaz vun, dëser Technologie erënneren. Iwwerdeems géif ee reegelméisseg mam Personal op dësem Punkt kommunizéieren an et sensibiliséieren.

Den Dr. Lasar geet a senger Äntwert iwwerdeems op de Punkt an, dass d'Spideeler beim Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz déi technesch Innovatioun, de Respekt vum Dateschutz, d'informatesch Sécherheet an de medezinesche Contrôle vun den Decisiounen, déi mat Ënnerstëtzung vun der KI geholl goufen, mussen ënner een Hutt kréien. Aus dësem Grond wiere se virsiichteg, wat d'Ausbreedung vum Asaz vun der KI a weidere medezinesche Beräicher ugeet. D'Virschrëften op EU-Niveau, notamment am Kader vum "AI Act" géingen déi regulatoresch Virgaben nach weider verstäerken.

D'Spidolsfederatioun huet iwwerdeems en Aarbechtsgrupp mam Numm "Compliance IA" geschaaft, un deem de CHEM aktiv géing participéieren. D'Zil vun den Aarbechten an dësem Grupp wier d'Ausschaffe vu gemeinsame Richtlinne fir de Spidolssecteur. Dës sollen e sécheren an eenheetlechen Ëmgang mat de regulatoreschen Ufuerderungen am Ëmgang mat der KI, déi op nationalem an europäeschem Niveau festgehale sinn, sécherstellen.

D'Zukunft vun der KI an de Spideeler

Aktuell géing et kee systemateschen Iwwerbléck iwwert den Asaz vu KI-Systemer an de Lëtzebuerger Spideeler ginn, sou den Dr. Lasar. Um Niveau vun de Spideeler an op nationalem Niveau géingen eng Rei Initiativen zur digitaler Moderniséierung lafen. D'Schwéierpunkte léichen op der Digitaliséierung vun den Infrastrukturen an der Weiderentwécklung vu medezineschen Ënnerstëtzungssystemer.

Wat e méi groussflächegen Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz an de Lëtzebuerger Spideeler betrëfft, géif et aktuell wuel kee gemeinsamen Zäitplang ginn. Éier d'Spideeler d'KI an engem grousse Moossstaf kéinten integréieren, misste si eng Rei vun techneschen, organisatoreschen a regulatoresche Froe klären.

En anere wichtege Punkt wier schliisslech dee vum Budget. D'Doktere Cordebar an Niedercorn aus den HRS ginn an hirer Äntwert dann och nach eng Kéier méi am Detail op de Volet vun der Finanzéierung an. Wann ee sech d'Radiologie ukuckt, géifen et hautdesdaags eng Rei KI-Toolen um Marché ginn, déi sech medezinesch bewäert hätten. Si kéinten a medezinesch Apparater integréiert ginn. D'Käschte vun dëser Integratioun kéinten entweder iwwer Innovatiounsbudgeten, ewéi deem vun der Fondatioun vun den Hôpitaux Robert Schuman, gedroe ginn oder d'Doktere respektiv d'Servicer, déi d'Toole wëllen notzen, kéinten d'Käschte selwer droen.

Aktuell géif et kee kloer strukturéierte Finanzéierungsmodell fir d'Integratioun vun neie KI-Toolen an de Spideeler. Iwwerdeems géing et op Niveau vun der Sécurité sociale keng Nomenclature ginn, déi d'Ofrechnung vum Asaz vun der KI an der deeglecher medezinescher Praxis am Spidol erméiglecht.

Fir dass eng KI kéint am Alldag am Spidol benotzt ginn, misst se och eng Rei praktesch Ufuerderungen erfëllen. Si misst kënnen an d'technesch an d'informatesch Systemer, déi scho genotzt ginn, integréiert ginn. D'KI dierft keng zousätzlech Contrainte ginn oder déi medezinesch Aarbecht méi lues maachen. Villméi misst si esou an d'Apparater, mat deene scho geschafft gëtt, integréiert ginn, dass hiren Asaz e Plus an der Effikassitéit, der Sécherheet an der Qualitéit vun der Behandlung vun de Patienten duerstellt. Eng KI, déi den Dokter zwénge géif, méi Computeren anzesetzen, ewéi virdrun oder déi deeglech Aarbecht méi komplizéiert mécht, hätt wéineg Chancen agesat ze ginn.

Schliisslech misst séchergestallt ginn, dass jidderee gläichermoossen Zougang vu KI-baséierten Technologien an der Medezin hätt, fir ze evitéieren dass laangfristeg eng Klasse-Medezin entsteet an där verschidde Spideeler technesch Moyenen hunn an anerer net.

Back to Top
CIM LOGO