
Du hues en aussergewéinlecht Talent oder e flotten Hobby?
Da bass du genee déi Persoun, déi mir fir de KannaTivi sichen. Zesumme mat dir wëlle mir kleng a grouss Leit zum Staune bréngen. Wann s du tëscht 6 an 12 Joer al bass, da mell dech elo am Formulaire hei drënner un. Schéck eis eng kuerz Beschreiwung iwwer däin Talent oder Hobby a virun allem iwwer dech selwer.
Mir si gespaant op deng Geschicht.