"De Mann weess, dass en net legal ass"Eng Grenz-Maark gouf illegal an e Gaart geplënnert

Olivier Catani
Hobbyfuerscher siche mat vill Engagement no verluerene Grenz-Maarken. Eng soll esouguer an e private Gaart entféiert gi sinn.

Verstoppt hannert enger Heck

De Jos Goergen an de Nico Schmit wëllen, dass vun den ursprénglech 287 Grenz-Maarken der esou vill wéi méiglech och tatsächlech op der Grenz stinn. E puer goufen der nämlech geréckelt oder si reegelrecht verschwonnen. D'Nummer 213 soll an engem private Gaart stoen. Den Nico Schmit wollt och an de Gaart eran, gouf awer vum Proprietär ofgeblockt. De Jos Goergen fuerdert elo d'lokal Autoritéiten op, aktiv ze ginn: "Ech hunn deene geschriwwen a gesot, de Ball läit elo bei Iech, schreift dee Mann emol un: wat ass mat där Maark do? Bis elo awer ass nach näischt geschitt."

© RTL

Successstory vu Wëntger

D'Grenz-Maark 264 loung jorelaang kromm. De Jos Goergen huet Leit aus der Gemeng motivéiert, fir no der Saach ze kucken. "Dat ass e Petit patrimoine, dat ass e Stéck vun eiser Geschicht. Dat musse mer erhalen." D'Maark gëtt ausgebuddelt a krut am Atelier vun der Gemeng e komplette Body-Lifting gemaach. Déi restauréiert Grenz-Maark gouf du mat der Hëllef vum Kadaster op hir original Plaz op der Grenz zréck gesat.

Grenz-Maark 264
Grenz-Maark 264
© RTL

Back to Top
CIM LOGO