Den David Matgé huet sech a Patagonien verléift, d’Regioun vun den Extremen. Ganz ënnen um Wupp vu Südamerika. En Duerf um Enn vun der Welt. Mat enger Strooss, déi eran an eraus féiert. Nëmmen 400 Meter iwwert dem Mieresspigel, mee Ausgangspunkt fir op ee vun de bekanntste Bierger vun der Welt erop ze klammen. De Fitz Roy ass 3.405 Meter héich an technesch ee vun deene Schwéierste fir d‘Alpinisten. Zanter annerhallwem Joer wunnt den David elo hei.
Den David schafft fir eng Agence, déi guidéiert Biergtouren ubitt an ass dofir zoustänneg, dass d‘Clienten dat richtegt Material a genuch Proviant mat op hir Touren huelen. Vun Oktober bis Mëtt Abrëll ass d‘Haaptsaison fir den Tourismus. Dann wann op der Südhallefkugel Fréijoer, Summer an Hierscht ass. An dat mierkt een zu El Chaltén, all Joer komme ronn 250.000 Touriste wärend dem Summer.
Hie selwer schléisst sech och dacks mol engem Grupp un. Meeschtens ass dat dann, fir Gepäck vun de Cliente matzedroen, ma an engems och, fir méi iwwert d‘Bierger an den Alpinismus ze léieren. Seng nei grouss Passioun. Eng Formatioun an deem Beräich huet hien nämlech op El Chaltén am Oktober 2024 gezunn an aus dräi Méint ass elo schonn iwwert e Joer ginn.
250 Kilometer läit El Chaltén vun der nächster grousser Stad an engem Flughafen ewech. E Liewen ofgeleeën, ma verbonne mat der Natur. El Chaltén ass e jonkt Duerf an den 80er Jore gebaut, well ëmmer méi Alpinisten dës Bierger wollten erklammen. El Chaltén heescht iwwersat nämlech, de Bierg, dee fëmmt. A Moies fréi gesäit een dat Naturschauspill nees besonnesch gutt. Wann déi éischt Sonnestralen d‘Biergkulissen treffen, huet een d‘Impressioun, dass d‘Bierger a Flame stinn an dat mécht et esou besonnesch.
El Chaltén ass d‘Wanderhaaptstad vu Patagonien. Et ass ëmgi vu spektakuläre Bierger, Gletscher a Lagunen. An dat Bescht bei der Saach, d‘Wanderweeër ginn direkt aus der Stad aus fort. Et kënnt ee bis bei de weltbekannte Bierg Fitz Roy, deen ee scho vu Wäitem gesäit, wann een an d‘Stad eragefuer kënnt. A grad dat mécht El Chaltén esou besonnesch: Natur läit virun der Hausdier an ass ee bis eng Kéier do, brauch ee keen Auto méi. Dat reizt den David esou an dofir bleift en och lo mol nach gären hei.