An der Communautéit vum "Looksmaxxing" dréit sech alles ëm d'Ausgesinn. Videoen, déi een op de soziale Reseaue fënnt, ginn Tipps, wéi jonk Männer dat ëmsetze kënnen. D’Wuert "Looksmaxxing" kënnt aus dem Engleschen a setzt sech zesumme vum Wuert "Ausgesinn" an dem Affix "maxxen". Dat heescht esou vill wéi de Maximum aus dem Ausgesinn eraushuelen. Dat soll méiglech sinn, wann ee verschidde vun deene Methoden ëmsetzt, déi vun deenen Influencer gewise ginn.
Am Prinzip ënnerscheet een tëscht zwee Lager. Dem "Softmaxxing". Dorënner fale Methoden, déi eigentlech ganz harmlos, esouguer gesond sinn: Fréi schlofe goen, Soine benotzen, vill Sport maachen, allgemeng op säin Ausgesinn an d'Gesondheet oppassen.
Beim "Hardmaxxing" geet et ëm méi extrem Methoden. Dat kënne Schéinheetsoperatioune sinn, Agrëff mat Filler, oder souguer Beenverlängerungen. Et gëtt och dacks dozou motivéiert, villes eleng doheem ze maachen. Eng Method ass zum Beispill, dat sougenannten "Bonesmashing". Hei geet et drëms, fir sech mat engem Géigestand reegelméisseg an d'Gesicht ze klappen. Esou soll een d'Form vun de Schanke verännere kënnen duerch vill kleng Rëss, déi nees heelen an zesumme wuessen. De plastesche Chirurg Dr. Ramin Assassi réit do awer dovunner of: "D'Resultat ass net previsibel, dat heescht, wann een do op enger Säit dräi Mol klappt an dann op der anerer Säit dräi Mol, da muss net dat selwecht Resultat erauskommen. Do kann ee sech selwer ganz grouss Asymmetrie kreéieren."
An dat ass net déi eenzeg Methode, déi net dat hält, wat si eigentlech versprécht.
Mir weisen dem Dr. Ramin Assassi Videoen aus der Looksmaxxing-Zeen. Hie schafft zanter bal 18 Joer als plastesche Chirurg an erkennt a ville vun deene Videoen, dass do ganz dacks nogehollef gouf, och wann de Géigendeel behaapt gëtt. Een Influencer mécht zum Beispill Videoen, wéi eng Übungen ee mat sengem Kifer ka maachen, fir dee méi ze definéieren. Oder, dass een d'Zong un de Gumm muss drécke fir, dass de Kënn méi no vir steet. Besonnesch beléift an deene Videoe si Biller, déi weisen, wéi eng Persoun virun den Übungen ausgesinn huet an duerno. "Do gëtt mat allen Tricker geschafft, mat Filler, mat Filteren", kommentéiert den Dr. Assassi déi Biller.
Déi Methode géifen nämlech näischt bréngen. "Übungen am Gesicht sinn ëmmer gutt, fir d'Duerchbluddung an den Training, mee dat bréngt awer näischt fir d'Morphologie ze veränneren." Et gi chirurgesch Agrëffer, déi de Kënn no vir bréngen. Bei deem muss d'Schank duerchgeseet ginn a mat Placken a Schrauwen nees zesummewuessen.
A virun allem sollt een net probéieren, sech selwer iergendeppes ze sprëtzen. Och eppes, wat dacks vun esou Influencer recommandéiert gëtt, wëll et méi bëlleg ass an ee vill Saachen um Internet bestelle kann oder bei ee soi-disant Profi, deen et fir manner Sue mécht, awer net déi richteg Ausbildung huet. "Et ass ganz wichteg, dass, wann een esou eppes maache wëll, ee wierklech bei ee Spezialist geet. Dass ee bei een Dokter geet, deen eng Facharztausbildung huet an deem Beräich", esou den Dr. Assassi.
An deene Videoe ginn et och vill Reklammen, sief et vu Produiten, déi ee benotze kann. Awer et ginn och dacks Coachingen ugebueden oder et gëtt Reklamm fir Apps gemaach, bei deenen ee säin eegent Gesiicht bewäerte kann. Op deene kritt een dann eng Bewäertung no engem Punktesystem. Dat heescht, et gi Suen domadder verdéngt, mee et propagéiert och een immensen Drock op virun allem jonk Männer.
Et ass dat Vergläichen an déi Hierarchiséierung, déi d'Dr Catherine Tebaldi vum Culture and Computation Lab op der Uni Lëtzebuerg kritesch gesäit. De Grondgedanke beim "Looksmaxxing" ass, dass ee just Erfolleg kann hunn an der Léift, der Aarbecht, am Liewen, wann ee gutt ausgesäit. "Et ass immens stresseg fir jonk Leit, et ass traureg", seet d'Dr Tebaldi. Et läit een exklusive Fokus op dem Äusserlechen. Si beschäftegt sech also linguistesch Anthropologin scho laang mat änleche Beweegungen am Internet.
Dacks geet et dobäi nämlech ëm méi, wéi just d'Verbreede vu Schéinheetstuyauen. An deene Videoe gëtt dacks vu "Subhumans" geschwat, also "Ënnermënschen", wann een net ee gewësse Score erreecht. Dacks ginn och fraefeindlech a rassistesch Narrative verbreet. Just wann ee genau esou ausgesäit, wéi déi Schéinheetsidealer et virschreiwen, kann een Erfolleg bei Fraen hunn. A Frae géifen och just Männer wëllen, déi genau sou ausgesinn. "Si verbreeden och dat Bild vun deem immens staarke Mann. 'Haardmaxxing' ass Extrem, mä et geet dobäi jo och sech ganz männlech, ganz staark, ganz haart ze maachen. Do geet et dann oft an Ideologie ran, déi männlech Dominanz. Da geet et net méi ëm Gesondheet oder Schéinheet", seet d'Dr. Tebaldi.
Ob déi Videoen och zu Lëtzebuerg gekuckt a verbreet ginn, ënnersiche grad zwou Studentinnen vun der Dr. Tebaldi op der Uni Lëtzebuerg, déi hir Masteraarbecht doriwwer schreiwen.