Op Museksfestivaller a bei Marathonen ass Urin meeschtens en Offallproblem: E gëtt a mobillen Toilette gesammelt, oftransportéiert an an d'Ofwaasser entsuergt. Eng brittesch Start-up huet et sech et lo zum Zil gesat, dësen "Offall" ze notzen an en ze verwäerten. Mat hirem System, dee si "Pee Cycle" - ofgeleet vu Recycle - nennen, wëlle si aus dem gesammelten Urin Dünger maachen.
D'Firma mat Sëtz zu Bristol huet e mobile System entwéckelt, deen Urin aus Event-Toilette sammelt an en zu engem flëssegen Dünger verschafft, dee Stéckstoff, Phosphor a Kalium enthält. Dës si wichteg Närstoffer a verschiddenen Düngemëttel. Hire Prozess erméiglecht et, déi Närstoffer, déi soss am Ofwaasser gelant wieren, eng weider Kéier ze notzen.
Bei verschidden Evenementer, wéi dem London Marathon 2025 oder dem Boomtown Festival, gouf de System scho getest. Eng 1.000 Liter Urin goufen an dësem Fall fir d'Weiderveraarbechtung genotzt. Den Dünger, deen dobäi entstanen ass, gouf dann och fir Tester op Felder genotzt.
De Projet kënnt och zum aktuellen Zäitpunkt net vun ongeféier, well déi rezent geopolitesch Evenementer dozou gefouert hunn, datt d'Präisser vu syntheeteschem Dünger explodéiert sinn. Dat läit ënner anerem dorun, datt fir d'Produktioun vun dësem Dünger Äerdgas an aner Mineralien gebraucht ginn respektiv, datt vill vun dësem Dünger aus Russland koum.
NPK setzt dann op Bakterien, déi Nierstoffer am Urin esou ëmwandelen, datt dës vu Planze kënnen opgeholl ginn. Éischt Tester goufe scho mat Weess gemaach. Dës Resultater goufen da mam Ammoniumnitrat verglach, dee soss am syntheeteschen Dünger genotzt gëtt. Den Urin-Dünger funktionéiert dobäi ganz änlech. Elo wëll d'Firma de Prozess weider verfeineren an hiren Dünger och a gréissere Projeten asetzen.