derwäert – Episod 17: Philippe SchmitzBal um Recycling – Ass dës Auer villäicht méi wäert?

Pitt Wagner
D'Kelly Bausch an de Philippe Schmitz presentéiere bei derwäert eng al Wandauer, déi si beim Akaf vun hirem Haus vun de Virgänger iwwerholl hunn.
Philippe Schmitz - Bal um Recycling – mee ass dës Auer villäicht méi wäert?
D'Kelly Bausch an de Philippe Schmitz presentéiere bäi derwäert eng al Wandauer, déi si beim Kaf vun hirem Haus vun de Virgänger iwwerholl hunn.

Well se net hire Goût ass, sollt d'Auer bal um Recycling landen. Ier si sech awer dovun trennen, wëllen déi Zwee erausfannen, ob sech hannert dësem Objet net dach eng interessant Geschicht oder e Wäert verstoppt.

D'Caroline Cuny-Desprez hëlleft dobäi, d'Origine vun der Auer z'erklären. Si weist, firwat den Numm um Zifferblat net de Produzent verréit, an erzielt och dem Mike Fandel méi iwwer d'Geschicht vun dësem franséische Modell aus dem 19. Joerhonnert a schätzt de Wäert vun der Auer an.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun dënschdes bis donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO