Aacht Déiere stierwenAutomobilist rennt a Bayern an en Trapp Schof

AFP, iwwersat vun RTL
De 26 Joer ale Chauffer vum Auto gouf beim Accident net blesséiert.
Bis ewell ass net gewosst, wiem d'Schof gehéieren.
© KLAUDIA RADECKA/NurPhoto via AFP

En Donneschdegowend ass en Automobilist tëscht Ochsenfurt an Oberickelsheim a Bayern an en Trapp vu 15 Schof gerannt. Wéi d'Police vu Würzburg matdeelt, wier et op enger Kräizung zum Accident komm. Sechs Schof wiere beim Accident gestuerwen. Zwee weiderer goufe sou uerg blesséiert, dass si vu Polizisten hu missen erschoss ginn. De Chauffer gouf beim Accident net blesséiert. Et ass nach net gewosst, wiem d'Schof gehéieren a wéi se op d'Strooss komm sinn.

Back to Top
CIM LOGO