
Viru 25 Joer waren et an den USA Terroruschléi, déi zanterhier duerch de Begrëff "9/11" zesummegefaasst ginn. Et ass a bleift e markanten Datum an der Erënnerung vu ville Leit.
An enger Ëmfro op RTL.lu hunn dozou 1.883 Leit matgemaach an hir Erënnerunge gedeelt.
88 Prozent vun deene Useren hunn uginn, datt si sech nach erënneren, wou si deemools waren, wéi si vun den Uschléi gewuer goufen. 5 Prozent wëssen et net méi, wärend 7 Prozent vun de Useren, déi ofgestëmmt hunn, deemools nach net gebuer waren.
Eng Persoun hat deemools un hiren Dossiere geschafft an du matkritt, wéi all d'Aarbechtskolleegen op déi eenzeg Plaz gelaf waren, op där eng Tëlee stoung. Et wier eppes wéi en Alarm gewiescht.
An engem weidere Message schreift een, dass en an der Messagerie du Livre war, fir e Guide iwwer Los Angeles ze kafen. Zwee Deeg méi spéit hätt et sollen iwwer Chicago op LA goen.
Eng aner Userin war an engem Shopping Center an hat do eng Dose Leit bei enger Tëlee gesi stoen. Si hat sech geduecht, et wier en neie Film a war réischt doheem vun hirem Mann gewuer ginn, wat wierklech geschitt war.
Eng weider Persoun huet eis geschriwwen, si hätt deemools zu New York gewunnt a wier op de West Broadway gelaf, fir eng besser Vue ze hunn a Fotoen ze maachen.
An engem weidere Message gëtt beschriwwen, wéi de Moment vun den Uschléi an enger Telecom-Entreprise erlieft gouf. Do gouf sech gewonnert, wisou op eemol den Internet-Trafick därmoossen an d'Luucht gaange war a gläichzäiteg verschidden international Leitungen op New York saturéiert waren, wärend anerer net méi geäntwert hunn. Iwwer Telefon war eng Kontaktpersoun zu New York net méi z'erreechen.
Da war et d'Noriicht, dass eng Persoun direkt heemgefuer war, fir de Fernseh unzemaachen. Si war eng Woch virdrun nach um WTC gewiescht.

Dëse User erënnert sech, dass an engem Faachmaart fir Elektrotechnik d'Tëleeën alleguer d'Biller vun der Katastroph gewisen hunn.
Am Fliger vu Washington DC op Frankfurt war eng weider Persoun gewuer ginn, wat lass war.
E Mann, deen amgaange war, säin Trakter ze wäschen, hat eng SMS vun engem Kolleeg geschéckt kritt, datt se zu New York géingen duerchdréinen.
Eng ganz Famill war doheem, fir an der Stuff de Film vum Begriefnis vun enger Tatta aus dem Connecticut ze kucken. Genee ee Mount virdru ware si zu New York gewiescht.
En nächste User huet geschriwwen, si wieren den Dag virdrun nach, vun Orlando kommend, laanscht New York geflunn an hien hätt sengem Jong d'Twin Towers gewisen. Hie wier 1985 um 114. Stack vun engem vun den Tierm gewiescht a wier beim Méine vun der Wiss vun der Attack gewuer ginn an hätt Tréinen an den Ae gehat.
Eng aner Persoun war den Owend virdru vun New York heem komm an amgaangen d'Wäsch ze maachen.
Vill Leit hu sech deemools op d'Rentrée preparéiert, waren ënnerwee op Ausflich, nach an der Vakanz oder op der Aarbecht. Muncher hu Fernseh gekuckt oder Radio gelauschtert, wéi d'Programmer ënnerbrach goufen. Déi ufänglech Impressioun, et géing sech ëm eng Aart Actionfilm handelen, hunn och vill Usere beschriwwen.
Si grad vum Akafen erëm komm, mir hunn Tëlee ugemaach a gesinn, wéi deen éischten Fliger an den Tower geflunn ass. Ech sot: oh neen, se weise schonn am Nomëtteg Horrorfilmer... an dunn hu mir realiséiert, wat geschitt war, et war erschreckend
Ech war zu Esch/Alzette um Gaalgebierg fir mäi Patron de Poteau vun 40 m erop an erof ze klammen, fir nei Antennen op ze hänken!
War doheem, hätt solle fir meng Philo a Statistik Noexamen léieren, hunn awer Anstoss 3 gespillt an hat niewebäi d'Tëlee lafen.
Ech war zu Venedeg, meng Duechter war eleng doheem an hat ons ugeruff. Si war komplett irritéiert, well mir dat Joer virdrun zesummen zu NYC waren. Ech sot zu hir: dat war e Mëllen. Dunn huet se nach emol ugeruff a sot: Mama, elo ass och een an deen zweeten Tower gerannt. Meng éischt Reaktioun war: dat ass en Attentat. Deen Owend wosste mer guer net richteg, wat lass war, well all d'Noriichten op italieenesch waren. Et war fir mech einfach onverständlech......
Hunn et als Kand vun 13 Joer als éischt um Radio héieren. Ech war zu deem Zäitpunkt mat menger Mamm ënnerwee vir d'Schoulsaachen anzekafen. Ech hat et awer net ganz verstanen, well ech dunn net wousst, wat eigentlech dee WTC ass. Doheem rëm ukomm, hunn ech dunn Nintendo gespillt a meng Mamm huet mech geruff, ech soll mir eppes um Fernseh ukucke kommen. Dunn hunn ech realiséiert, wat lass war an ech koum vum Fernseh de ganzen Dag net méi fort. Ech hu live gesinn, wéi d'Tierm agefall sinn.
Op der Aarbecht zu Lëtzebuerg, Clearstream, mir hate Büroen am WTC1 um 90. Stack, waren also als Firma selwer betraff!
Ech war schwanger mat mengem Meedchen an immens schockéiert. Mir ware mam Auto um Wee an een Plättechersbuttek. Um Radio koum dunn d'Nouvelle. Hu bis an Nuecht eran Tëlee gekuckt.
Op der Uni an den USA. Um Wee an den Cours bei engem Fernseh laanscht komm, wou d‘Leit virdrun stoe bliwwe sinn an ongleeflech op den Ecran gekuckt hunn.
Ech war zu Dikrech an der Kasär an hunn zesumme mat deenen aneren alles um Fernseh gesinn. Duerno si mer all mobiliséiert ginn.

Ech war mat mengem Papp an der Stad an de Kino "Apocalypse Now Redux"kucken, also zoufälleg oder net, Thema Krich an USA. Wou mir rauskomm sinn, war d'Stëmmung komesch. D'Leit waren anescht. Wou mir dunn an e Café gaange sinn, sinn d'Biller iwwerall gelaf an d'Leit hu mat ongleewegen Aen d'Biller vun den Towers gesinn. Jiddereen huet d'Envergure vun deem Terrorakt verstanen, et huet een et an de Blécker vun de Leit gesinn. Och ech hunn nach de Moment an gudder Erënnerung. Och wäert ech ni méi déi bedréckten an nervös Atmosphär an der Stat vergiessen.
Meng Famill an ech waren um Heemwee aus der Vakanz. Mir sinn op enger Tankstell stoe bliwwen, fir ze tanken. Wéi mir dunn eran gaange sinn, fir ze bezuelen, kann ech mech erënneren, datt ongeféier 5 bis 10 Leit virun engem Fernseh stoungen, deen uewen am Raum opgehaange war. Si ware wéi erféiert.Ech erënnere mech och drun, datt een nëmmen de Fernseh matkritt huet an soss näischt ze héiere war. Et koum keng Reaktioun vun de Leit, wéi mir duerch d’Dier komm sinn, fir ze bezuelen. Et war, wéi wann d'Zäit stoen bliwwe wier.
Mir waren dee Moment just zu San Fransisco ukomm, mir ware vun Hawaii mat enger United Airline op SF eriwwer geflunn. Heiheem war du Panik, well gewosst war, dass de Fliger, deen um Pentagon eriwergefall war, eng United Airline war an SF war och ernimmt hunn, just wousst een net genee, ob se dohi geflunn ass oder vun do komm war.
Am Kosovo ob der serbescher Grenz ob der Garde an enger Friddensmissioun mat der Arméi, bis de Kapitän vum Camp gefuer komm ass an alerte rouge war.
Ech war Doheem an u virun der Tëlee meng Streck gemaach. Bis dass dunn emol e ganz blöde Film drop war, wou ech mer nach geduecht hunn, wéi domm ass dat, weist den Terroristen nach, wéi se et maache sollen. Dunn hunn ech emol einfach de Programm gewiesselt. Awer op all de Programmer war de selwechte gläichen domme Film. Bis ech dunn emol realiséiert hunn, dass et batter Realitéit ass.
Ech war am Europapark mat de Massendénger um Ausflug als Begleetpersoun, plëtzlech sinn all TV’s an de Geschäfter mat de Biller vum Uschlag gelaf. Mir hunn ganz séier all eis Kanner an de Bus geholl a si Richtung Lëtzebuerg. Mir all hunn drop gewaart, dass de Park zougemaach géif ginn. Jiddereen huet gefaart. War grausig.
Ech hat 6 Joer war an Holland mat mengen Pap an der Vakanz. Mir hunn dat um Fernseh gesinn an ech hunn hie gefrot, ob déi Tierm, well se jo déi Welt-héchsten Tierm zu dem Ablack waren, bis op eis géife falen.
Mir waren zu Paräis ënner dem Eiffeltuerm,an een aneren Tourist huet eis doriwwer informéiert, dass säi Brudder, deen an der brittescher Air Force war, a Bereetschaft gesat gouf wéinst den Uschléi.
Um Wee vun Naples op Miami, wou mir sollten de Fliger huele fir heem.
Mam Auto op der Autobunn beim Flughafen Frankfurt. Hunn mech gefrot, wat déi ganz Police do mécht. An dunn koum de schreckleche Message iwwert de Radio.
Frësch aus der Grondausbildung. War deen Moment um Etat major vun der Arméi affiliéiert. An Owes stoung ech ob der Garde virun der US-Ambassade um Lampertsbierg.
Ech hunn op der Fouer geschafft an den Owend virdru war de leschte Fouerdag. Bis mir alles gebotzt haten etc., war et Moies 6 Auer a sinn um 7 moies an Bett gaangen. Wou ech mëttes waakreg gi sinn, hunn ech d'Tëlee ugemaach an duecht, do géing en Actionfilm lafen. Wou ech gezappt hunn, hunn ech gemierkt, dass iwwerall dat selwecht leeft.

Ech war zu Denver, fir deen Dag owes heem ze fléien. Et war de leschten Dag vun eiser Vakanz am Westen vun den USA. Déi dunn onerwaart ëm 1 Woch verlängert gouf.
Ech war deemools 12 oder 13 Joer al. Ech hunn an Argentinien mat menger Famill gewunnt. Mir hate keng Schoul deen Dag (Conmemoratioun vum Sarmierto, Lehrerstag). Wéi ech waakreg gouf, war meng Mamm an der Kichen, mam Fernsee un. Ech hunn de Kaffi gedronk an d'Biller gesinn, non-stop. An engem Loop am Noriichten. Mir hunn eis fir op d'mannst zwou Stonnen net beweegt.
Ech war 10 Joer. Mäin Papp huet mech bei den TV geruff, wéi dunn live den UA175 an den Südturm geflunn ass. Do war et kloer, dass et keen Accident ass. Als Pompjee hat hien de Verdacht, dass déi zwee Héichhaiser kéinten zesummebriechen an huet mech fort geschéckt. Sinn du mat menger Mamm op Diddeleng bei de Fraendokter matgaang an hu meng Schwëster fir d'éischt (am Ultraschall) gesinn. Duerno um Radio vun der Rezeptioun si mer gewuer ginn, dass d'Gebaier agestierzt sinn - leider hat mäin Papp Recht behalen. Ech hunn als Kand geduecht, déi meescht Léit (och uewen am Nordturm) hätte kéinte via Trape flüchten.
Op der klenger Insel Formentera nieft Ibiza an der Vakanz a sinn 3 Deeg duerno heem geflunn. Et war e komescht Gefill, an e Fliger ze
klammen!
Mir hate just a mengem Meedchen senger Studentewunneng d’Tëlee installéiert an déi éischt Biller waren de Crash.
Mäi Papp op der Aarbecht besicht, wéi den 1. Fliger an den WTC gerannt ass an den 2. Fliger hunn ech am Hannergrond vum Peter Klöppel gesi kommen, ier deen eppes konnt soen.
Ech war als Erzéier mat de Kanner eng Aktivitéit an de Bësch maachen. Wéi mer erëm bei de Foyer de Jour koumen, stounge vill Elteren mat Panik am Gesiicht virum Haus. Et war immens beängschtegend, well een net wosst, wat richteg geschitt war. Do hu mir och de Fernseh ugemaach an eis déi éischt Biller ugekuckt. Dat war immens bedréckend.
Doheem nom Spadséiere goe mam Hond de Fernseh ugemaach. Genau dee Moment, wou den RTL d'Sendung der schwächste fliegt ënnerbrach huet an dunn RTL Aktuell mam Peter Klöppel komm ass.
Ech hunn déi Zeit op der Saint-Paul ( Letzebuerger Wort) geschafft, an hat do 21 Joer a mir waren dee Moment an der Logistik a mir sinn alleguerten op den 1. Stack gaange bei den DNR, well déi haten Tv do un de Maueren hänken a konnten et net gleewen.
Et war mäi Gebuertsdag. Ech krut 9 Joer. Getrennten Elteren, ech war bei mengem Papp, mir sollte feieren, wéi mäi Bop rakoum a sech direkt virun d'Tëlee wollt sëtzen. Ech erënnere mech nach ganz genau. Meng Mamm war Stewardess zu deem Zäitpunkt. Ech weess nach ganz genau, wei meng Gedanke waren, et war genre 'kënne mir elo w.e.g mäi Gebuertsdag feieren?'. Och haut bedréckt déi Situatioun een ëmmer nach, warscheinlech eben och, well et een op deem Dag gebuer ass. Ech erënnere mech zB och nach ganz genau drun, wei ech de Film 'Flight 93' - also iwwert den erofgefallene Fliier an de Kino kucke war, 2006 - a soit-disant eng Panikattack am Kino kritt hunn. Dat mécht eppes mat Engem...
An enger Reunioun an enger Lëtzebuerger Firma, wou ech mech zu Doud gelangweilt hunn (an der Firma AN an der Reunioun).
Ech war am Reesbus vu Portugal op Lëtzebuerg, wéi mir um Radio héieren hunn, datt Amerika attackéiert gëtt. Dunn eng mega Grenzkontroll, jiddereen huet mussen eraus aus dem Bus inklusive Bagagen, alles, eng Stonn laang war de Bus ugehalen ginn op der Grenz. All Passagéier am Bus ware schockéiert
Ech war am Disneyland zu Paräis mat engem Veräin. An eng Fra, déi mat war, krut vun hirem Mann vun New York ugeruff do wier eppes Schreckleches geschitt, mee hie wier sécher. An dunn ass d‘Verbindung ofgebrach.
Ech hunn deemools bei der KBL am Tuerm geschafft um Boulevard Royal. Mir waren alleguerten ënner Schock am Büro, well mir mir mat amerikanesche Banken zesummegeschafft hunn. Esou eppes vergësst een ni.
