Nordweste vu FrankräichZuch entgleist, 44 Blesséierter, eng Fra a Liewensgefor

RTL mat AFP
Tëscht Rouen a Caen ass e Freideg den Owend en Zuch entgleist. Vun de ronn 180 Passagéier u Bord sinn der op d'mannst 44 blesséiert ginn, eng Fra schwéier.
Esou een "TER" genannten Zuch vun der SNCF ass an der Normandie entgleist.
Esou een "TER" genannten Zuch vun der SNCF ass an der Normandie entgleist.
© JEROME CHABANNE/Hans Lucas via AFP

De franséischen Transportminister Philippe Tabarot huet confirméiert, dass e Freideg den Owend géint 19:45 Auer an der Normandie en Zuch entgleist ass. Tëscht de Stied Rouen a Caen, an der Gemeng Cléon, wier et aus bis elo ongekläerter Ursaach zum Ongléck komm mat engem TER (Transport Express Régional).

U Bord ware ronn 180 Passagéier, dovu sinn der 44 blesséiert ginn an eng Fra wier a Liewensgefor, heescht et vun den Autoritéiten op der Plaz, déi en Noutfallplang aktivéiert hunn. Der SNCF no wier d'Streck aktuell gespaart an de Stroum ofgeschalt gi fir d'Noutdéngschter net a Gefor ze bréngen, déi am Asaz sinn. Tester op verbuede Substanze beim Maschinist wieren "negativ" gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO