Drauwen- a Wäifest zu GréiwemaacherD'Lynn gouf gekréint: Lëtzebuerg huet eng nei Wäikinnigin

Raoul Roos
D'Lynn huet hir Freed an hire Stolz ausgedréckt, elo als nei Wäikinnigin zu Gréiwemaacher déi historesch Roll ze iwwerhuelen an Traditioune weiderzeféieren.

E Freideg den Owend gouf um Drauwen- a Wäifest zu Gréiwemaacher déi nei Wäikinnigin gekréint: D'Lynn ass déi 76. Drauwen- a Wäikinnigin an iwwerhëlt domadder dës Tâche vum Jill. Zesumme mat hire Prinzessinnen Anne, Noémie a Lana ass d'Lynn elo déi nei Ambassadrice vum Wäin.

Mir konnte kuerz no der Kréinung mam Lynn schwätzen: “Ech sinn onwarscheinlech glécklech an houfreg, elo dës Roll iwwerhuelen ze dierfen – an et ass ganz extra! Et ass eng Traditioun, déi mer säit Joren hei féieren an et ass einfach eng ganz besonnesch Éier."

Fir Kinnigin ze gi muss ee virdru mol Prinzessin sinn, fir an déi Aufgab eranzewuessen. D'Lynn erzielt, wat een alles an där Zäit erlieft huet:

Mir waren op ganz villen Optrëtter an Däitschland, awer och a Lëtzebuerg, mir hunn déi verschidde Kulture gesinn, déi verschidde Wäiregioune kennegeléiert. Awer och a Lëtzebuerg, mir hunn eng Gënzekinnigin hei, mir hunn eng Blummekinnigin, ech mengen, déi kennt een net direkt an et ass schéin, déi och kennen ze léieren an och nei Frëndschaften ze schléissen.

Als nei Wäikinnigin wëll d'Lynn sécher goen, datt och d'Prinzessinne weider mat agebonne ginn:

Also ech gi mäi bescht, dass d'Prinzessinne vill méi agebonne ginn an deenen nächste Joren. Well et ass oft, datt si einfach an den Hannergrond e bësse geluecht ginn. Si maachen dee selwechten Job wéi ech am Endeffekt, just mat enger méi klenger Kroun, well se nach a Virbereedunge sinn. An ech fannen et einfach onglaublech wichteg, datt si genau esou wäert geschat gi wéi ech.

Och d'Wäibauministesch Martine Hansen war e Freideg den Owend op der Kréinung. Fir si ass d'Roll vun der Wäikinnigin eng ganz besonnesch:

Dat ass u sech ee Beweis, wéi houfresch datt mer op eise Wäin sinn an och op eise Cremant. An dofir wëll ech och e grousse Merci soen un d'Wäikiniginnen, dat heescht un d'Lynn an och un d'Jill, well si maachen eng mega Aarbecht, eng Reklamm fir eist Land an dat bedeit Asaz, well ech mengen, et geet net vum selwen. Et ass ee staarken Asaz an hinnen ee ganz, ganz grousse Merci. Mir hunn exzellente Wäin, mir kënnen houfreg drop sinn an dofir, maacht weider esou.

E Samschdeg geet d'Feieren zu Maacher weider mat der Showband-Parad an dem Freedefeier um 10 Auer an e Sonndeg dann nach den Ëmzuch.

Back to Top
CIM LOGO