Frankräich warnt virun Desogestrel-ContraceptiounsmëttelBeneficer méi grouss wéi Risiken, esou Lëtzebuerger Gesondheetsministère

Fanny Kinsch
Frankräich warnt viru Contraceptiounsmëttel op Basis vun Desogestrel. Dës kéinten ënnert anerem de Risk vun Tumoren op der Hirnhaut erhéijen.
Verhütungsmëttel mat Desogestrel sollen de Risk vu Meningiomen erhéijen.
Verhütungsmëttel mat Desogestrel sollen de Risk vu Meningiomen erhéijen.
© LOU BENOIST/AFP

A Frankräich goufen en Donneschdeg 1,6 Millioune Frae viru méigleche schwéieren Niewewierkunge vu verschiddene Contraceptiounspëlle gewarnt. Dës kéinten de Risiko vu Meningiomen, Tumoren op der Hirnhaut, erhéijen. D'Beneficer vun deene Medikamenter wieren ëmmer nach méi héich wéi d'Risiken, heescht et op Nofro vum Gesondheetsministère hei zu Lëtzebuerg.

Concernéiert si Contraceptiounspëllen op Basis vun Desogestrel, e syntheetesche Progesteron, an deenen anescht wéi bei kombinéierte Pëlle keen Östrogen ass, och nach als Minipëll bekannt. A Frankräich goufe concernéiert Fraen a Medezinner, déi d'Pëll verschriwwen hunn, per Bréif vun der Agence fir Medikamentesécherheet kontaktéiert, fir si z'informéieren, dass et e méi héije Risiko gëtt, en Tumor op der Hirnhaut z'entwéckelen, wann een esou e Contraceptiounsmëttel hëlt. Dee Risiko wier geréng, ma bei bestëmmte Symptomer sollt ee säin Dokter kontaktéieren, fir dass en IRM kéint gemaach ginn: Kappwéi, deen unhält, Problemer mat der Visioun, Muskelschwächt, Problemer mam Gläichgewiicht oder der Sprooch, Erënnerungsverloscht oder Epilepsie, déi nei optrëtt oder méi schlëmm gëtt.

Riske vun Desogestrel-Contraceptiounsmëttel / Reportage Fanny Kinsch

Eng vu 67.000 Fraen, déi esou e Contraceptiounsmëttel huelen, wiere betraff. Dee Risiko géing no 5 Joer Traitement op eng vu 17.000 klammen. Ee Joer, nodeems een ophält, et ze huelen, wier de Risiko awer nees d'selwecht, wéi wann een et net hëlt. Betraff wiere virun allem Fraen iwwer 45 Joer a Fraen, déi virdru Contraceptiounsmëttel mat Progestatif geholl hunn, bei deem de Risiko vill méi grouss ass wéi bei Desogestrel.

Op Nofro beim Lëtzebuerger Gesondheetsministère heescht et an enger schrëftlecher Äntwert, datt de Service fir d'Pharmacovigilence vun der Gesondheetsdirektioun schonn am Juli an am August dëst Joer Kommunikatioune vu Medikamenteproduzenten evaluéiert, validéiert an un d'Gesondheetsberuffer par rapport zum Desogestrel geschéckt huet. Et géingen aktuell nach Analyse bei der Europäescher Medikamentagence lafen a bis elo wiere keng zousätzlech Mesuren decidéiert ginn. D'Autoritéiten zu Lëtzebuerg géingen d'Conclusiounen dovunner suivéieren. Et wier awer wichteg z'ënnersträichen, dass de Risiko niddereg géing bleiwen an datt de Meningiom eng ganz rare Krankheet wier. Et sollt een eng hormonell Contraceptioun op alle Fall net op eegen Initiativ ënnerbriechen. Bei Froen oder Suerge gëtt recommandéiert mat sengem Dokter oder Apdikter ze schwätzen. D'Beneficer vun den Desogestrel-Contraceptiounsmëttel wiere méi grouss wéi d'Risiken, wa se sou benotzt ginn, wéi virgesinn.

Kommunikatioun vum 30.7.26
Kommunikatioun vum 6.8.26

Back to Top
CIM LOGO