Als Reaktioun op d'KlimakrisDéi Gréng fuerdere méi séiere Wiessel vu fossillen op erneierbar Energien

Marc Hoscheid
Spéitstens dëse Summer hätt gewisen, datt d'Klimakris eng Realitéit wier. Kritik gëtt et iwwerdeems un der CSV-DP-Regierung, déi keng rout Linn a Saache Klimapolitik hätt.
Déi gréng Politiker François Benoy, Joëlle Welfring a Meris Šehović fuerderen e méi séiere Wiessel vu fossillen op erneierbar Energien.
Déi gréng Politiker François Benoy, Joëlle Welfring a Meris Šehović fuerderen e méi séiere Wiessel vu fossillen op erneierbar Energien.
© Marc Hoscheid

"De Summer ass eriwwer. D'Klimakris net!", ënnert deem Motto haten déi Gréng e Freideg de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert. Et bräicht elo direkt een Ëmdenke bei der Klimapolitik, dës misst vill méi koherent a konsequent virugedriwwe gi wéi bis elo. D'CSV-DP-Regierung hätt nämlech engersäits d'Urgence vum Klimawandel an anerersäits d'Potenzial vun der energeetescher Transitioun nach ëmmer net erkannt.

Fuerderunge vun déi Gréng / Reportage Marc Hoscheid

Sief et d'Hëtzt, déi ausgedréchent Wisen a Felder oder den Damp vum Feier am Héije Venn - spéitstens dëse Summer hätt gewisen, datt d'Klimakris keen theoreetescht Konstrukt, mee eng batter Realitéit wier. Ma och, wa mir d'Konsequenze vum Klimawandel an eisem Alldag erliewen, wiere mer där Entwécklung awer net einfach ausgeliwwert. Mat den erneierbaren Energien, Wäermepompelen an der Elektromobilitéit hätte mer nämlech schonn d'Léisunge fir d'Erausfuerderungen, esou d'Nach-Spriecherin a Saache Klimapolitik vun deene Grénge Joëlle Welfring.

"Dës Technologien, se existéieren, se funktionéieren, se ginn ëmmer besser an ëmmer méi bëlleg. Aner Länner hunn dat laang verstanen a se positionéiere sech. 6 vun 10 Elektroautoe ginn haut a China produzéiert, 6 vun 10 Stéit an Norwegen hëtze mat enger Wäermepompel a Spuenien positionéiert sech grad als een neien europäesche Leader bei der Entwécklung vun erneierbaren Energien, mat ronn 60 Prozent Stroum aus Erneierbaren. An eleng d'lescht Joer si bal 10 Gigawatt méi Solar- a Wandkapazitéiten dobäi komm."

Bei der CSV-DP-Regierung wier par contre keng rout Linn bei der Klimapolitik ze erkennen. Et géing zwar eenzel Mesurë ginn, déi an déi richteg Richtung féieren, gläichzäiteg géing den Ëmwelt- a Klimaschutz awer och deels zu Onrecht fir aner Problemer responsabel gemaach ginn. Zudeem géinge verschidde Mesuren d'Notze vu fossillen Energien encouragéieren. Ee Beispill wier den Tankrabatt, an och d'Argument, datt dëse sozial méi schwaache Leit zegutt kënnt, léisst de Meris Šehović, zukünftege klimapolitesche Spriecher vun deene Gréngen, net gëllen.

"An op där anerer Säit muss een awer soen, datt deen Tankrabatt, sou wéi en ass, bei deene Leit, déi wierklech eng Ënnerstëtzung brauchen, eigentlech net réellement hëlleft. Dat sinn iwwert d'Joer gekuckt, wann ee sech déi Deplacementer eng Kéier urechent, dat sinn e puer Euro am Joer. An do si mer einfach der Meenung, datt Leit, déi et wierklech brauchen, déi brauche vill méi substanziell Ënnerstëtzungen, well wann ee wéi lo mat der Strenz verdeelt, da kënnt och nëmmen e bëssi iwwerall un."

Fir d'Zukunft hunn déi Gréng dann dräi konkreet Fuerderungen: Vun nächstem Joer un dierfte keng staatlech Sue méi a fossil Technologië fléissen; Leit, déi Wunnenge verlounen, solle finanziell ënnerstëtzt ginn, wa se dës energeetesch sanéieren a gläichzäiteg sollen d'Locatairen, déi an energeetesch schlechte Wunnenge liewen, eng méi héich Subvention de loyer kréien; an op europäeschen Niveau soll eng Iwwergewënnsteier fir déi fossil Industrie agefouert ginn. D'Suen aus där Steier sollten iwwerdeems geholl ginn, fir déi energeetesch Transitioun virunzedreiwen a Leit virun de Suitte vum Klimawandel ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO