
Zu Bëschdref goufen an de leschten Deeg e puer Fäll vu Vandalismus gemellt.
D’Gemeng Helperknapp verurteelt d’Beschiedegungen a seet, datt d’Virfäll der Police zu Miersch gemellt goufen.
Och weider Fäll sollen un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet ginn.
D’Gemeng rifft elo Zeien op, sech mat Informatiounen ze mellen. Dat ass bei der Gemeng ënnert 28 80 40-1 oder beim Policebüro Miersch ënnert 24 49 01 000 méiglech.