CGDISZwee Vëlosfuerer en Donneschdegowend ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, koum et en Donneschdeg kuerz virun 19 Auer zu zwee Verkéiersaccidenter.
Zwee Vëlosfuerer goufen en Donneschdegowend ugestouss a blesséiert.
© CGDIS

Géint 18:45 Auer krute sech zu Iernster an der Haaptstrooss en Auto an e Cyclist ze paken. Hei waren d'Rettungsekippen vun Nidderaanwen an d'Ambulanz vu Jonglënster am Asaz.

Deen zweete Virfall tëscht engem Auto an engem Cyclist war knapp 10 Minutte méi spéit, déi Kéier zu Ettelbréck an der Rue du Deich. Hei waren d'Rettungsservicer Nordstad op der Plaz.

Bei béiden Accidenter gouf allkéiers eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO