Reaktioun op "Plattform fir Demokratie"ADRenalin: "Walresultat an Däitschland passt verschiddene Politiker net an de Krom"

RTL Lëtzebuerg
D'ADRenalin, also d'Jugendorganisatioun vun der ADR, huet an engem Communiqué op d'Grënnung vun der "Plattform fir Demokratie" reagéiert.
ADRenalin wäert sech deemnächst fir eng direkt demokratesch Plattform asetzen.
© Facebook / ADRenalin

D'Plattform fir Demokratie gouf jo vun de Jugendsektioune vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng dës Woch an d'Liewe geruff. Fir d'ADRenalin wier déi Asbl eng Reaktioun op d'Walresultat a Sachsen-Anhalt, wat deene Parteien nun emol net géing gefalen. Och wier der ADR fälschlecherweis ënnerstallt ginn, et wier een net fir eng Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra. Et misst een eng richteg Demokratie promouvéieren, dofir géif d'ADRenalin sech deemnächst fir eng direkt demokratesch Plattform asetzen, bei där all Mënsch wëllkomm wier.

Schreiwes vun ADRenalin

Back to Top
CIM LOGO