Vill ze di fir d'RettungsekippenAacht Blesséierter bei fënnef Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Donneschdeg goufen op eise Stroossen am Ganzen aacht Persoune blesséiert.
© Emile Mentz

Géint 10:55 Auer goufen dräi Persoune blesséiert, wéi sech op der N15 tëscht Nidderfeelen an Heischent zwee Autoen ze pake kruten. D'Pompjeeë vu Feelen an d'Ambulancieren aus der Nordsad waren hei op der Plaz.

Um 12:12 Auer ass dann e Motocyclist op der A13 tëscht Fréiseng an Helleng gefall. Nieft de Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg n den Ambulanciere vun Diddeleng, war hei och de Samu vun Esch am Asaz.

E weidere Motocyclist gouf da blesséiert wéi e géint 12:50 Auer zu Housen vun engem Auto erfaasst gouf. Hei war de Rettungshelikopter am Asaz an och d'Pompjeeë vun Housen a Pëtschent an d'Ambulanciere vu Clierf goufen op d'Plaz geruff.

Um 14:20 Auer krute sech tëscht dem Rond-point Iergäertchen an den dem Tunnel Houwald op der A1 dräi Autoen ze paken. D'Stater Pompjeeë an Ambulancieren hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Um 14:47 Auer goufen zwou Persoune blesséiert, wéi op der Héicht vun der Sortie Mierscherbierg an Direktioun Stad zwee Autoen aneneegerannt sinn. D'Pompjeeë vu Miersch a Lëntgen an d'Mierscher Pompjeeë waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO