Aktioun vum Sportslycée500 Schüler forméiere Kaart vu Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg hu Schülerinnen a Schüler vum Sportslycée um Terrain vum INS déi gréisste Kaart vu Lëtzebuerg, an dat am Moossstaf 1:1000, nogestallt.
Aktioun am Kader vum Schoulfest vum Sportlycée Luxembourg (9.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Déi eenzel Persounen hu sech genee op déi Plaz gestallt, déi hirem Wunnuert entspriechen. Esou entsteet e kollektive mënschleche Portrait vum Land, mat ronn 500 Schüler aus dem Sportslycée.
D’Aktioun gouf mat enger Dronen aus der Loft gefilmt. An der Fotosgalerie vum Roland Miny kritt een en Abléck an d’Aktioun.
Fir dass d’Positioune stëmmen, kruten all d’Participanten exakt Koordinaten, wou si sech hu missen opstellen.
Duerch dës visuell Aktioun soll gewise ginn, wéi villfälteg a vernetzt d’Gemeinschaft vum Sportslycée ass, an och, wéi all Eenzelen e Bestanddeel vun engem gréissere Ganzen ass.
Dronebiller vun der Aktioun, gesitt Dir hei:
© Hype Social Media Agency
© Hype Social Media Agency
© Hype Social Media Agency
© Hype Social Media Agency
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.