
Virun zwou Woche war et zu engem Iwwerfall an enger Wunneng am Garer Quartier komm. Dobäi sinn zwou Prostituéiert vun zwee Ugräifer mat enger Waff menacéiert ginn an hu Boergeld, Handyen an de Wunnengsschlëssel missten ofginn. Éischten Ënnersichungen no war ee vun de presuméierten Täter de fréieren Zouhälter vun den zwou Fraen.
Béid Verdächteg konnten no enger Enquête vum Departement “Répression Grand Banditisme” vun der Police de 4. respektiv den 12. Februar gestallt a festgeholl ginn. Si koumen den 13. Februar op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter. Ermëttelt gëtt géint béid Männer wéinst Mënschenhandel, Zouhälterei a Vol.
E Sonndeg am Nomëtteg koum et dann zu enger Kläpperei tëschent zwou Persounen an engem Zuch, deen op der Gare zu Kautebaach stoung. Bei dëser Kläpperei ass eng Glasdier vum Zuch futtigaangen. Ee vun de Männer konnt vun enger Policepatrull ugetraff ginn. Hien huet sech géigeniwwer de Beamten allerdéngs onkooperativ verhalen a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl, nodeems sech och erausgestallt huet, datt e scho bei Autoritéiten am Ausland keen Onbekannte war. E Méindeg de Moie koum hie virun den Untersuchungsriichter.