IechternachZwou Persounen no Klauen an engem Buttek verhaft

RTL Lëtzebuerg
Eng aner Persoun koum an Untersuchungshaft, well si an de leschten 2 Wochen direkt e puer Mol ouni Permis mam Auto ënnerwee war.

Béid Männer, déi e Mëttwoch am Nomëtteg an engem Geschäft an der Rue des Emparts zu Iechternach geklaut haten, koumen an Untersuchungshaft. Si goufe vum Sécherheetspersonal vum Geschäfter bei hirer Dot erwëscht. Si haten Hygiènesartikelen an engem Wäert vun 1.200 Euro geklaut. De Parquet vun Dikrech huet béid Männer verhafte gelooss a si koume schonn e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Da mellt d'Police nach, datt um Donneschdeg de Moien eng Persoun zu Baschelt opgefall ass, déi ouni Permis ënnerwee war. Donieft waren d'Pabeiere vum Auto och net an der Rei, esouwuel d'Steiervignett wéi och de Controle Technique waren ofgelaf. Well de Mann awer och schonn an de leschten zwou Wochen dräi Mol erwëscht gouf, huet de Parquet de Mann verhafte gelooss an hie koum virun den Untersuchungsriichter an an Untersuchungshaft. D'Gefier vum Mann gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO