Awunner hat zwou "haart" Explosiounen héierenZwee Verdächteger no Sprengung vu Bancomat zu Äischen weider op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
Nodeems an der Nuecht op e Mëttwoch zu Äischen e Bancomat gesprengt ginn ass, sinn zwee Verdächteger weider op der Flucht. RTL huet mat Awunner op der Plaz geschwat.

Wéi d'Police e Mëttwoch an hirem Bulletin mellt, gouf géint 3.30 Auer an der Stengeforter Strooss zu Äischen versicht, e Bancomat ze sprengen. D'Duerf Äischen war dowéinst bis kuerz virun 9:40 Auer fir den Trafic gespaart.

Zwee Verdächteger no Sprengung vu Bancomat zu Äischen weider op der Flucht
Nodeems an der Nuecht op e Mëttwoch zu Äischen e Bancomat gesprengt ginn ass, huet RTL mat Awunner op der Plaz geschwat.

D'Täter sinn éischten Informatiounen no op Scooteren, respektiv Motorrieder an däischterer Faarf ënnerwee. Verdächteg Persoune sollen direkt dem 113 gemellt ginn. Um Mëttwoch Owend sinn d'Brigangen nach net gepëtzt an deemno weider op der Flucht.

Zwou "richteg, richteg haart" Explosiounen ze héieren

D'Claude Zeimetz ass fir RTL op der Plaz an huet mat engem Awunner vun Äischen geschwat, deen e Mëttwoch de Moien duerch d'Explosioun erwächt gouf.

"Ech sinn aus dem Bett gefall. Et huet zwee Mol explodéiert, zwee Mol. Richteg, richteg haart, ech hu geduecht, do ass de Bankomat gesprengt."

D'Claude Zeimetz live vun Äischen

D'Sich no de Verdächtegen huet e Mëttwoch de Moie gréisser Repercussiounen op den Trafic an der Géigend gehat, besonnesch op de Schoultrafic. Weder Bus nach Schüler konnte bei den Arrêt, deen direkt nieft dem Bancomat ass, deen e Mëttwoch de Moie gesprengt gouf.

Am Laf vun e Mëttwoch de Moien huet d'Spuerkeess dann an engem Schreiwes confirméiert, datt et sech beim Bancomat, ëm ee vun hire gehandelt huet. Et betount een, datt beim Incident keng Persounen zu Schued komm sinn, an datt d'Autoritéiten eng Enquête lancéiert hunn.

Liest hei de Communiqué vun der Spuerkeess

Et ass dëst deen éischte Bancomat fir dëst Joer, dee gesprengt ginn ass. Zejoert haten Onéierlecher direkt véiermol zougeschloen. Zu Käl, Sëll, Uewerpallen a Reisduerf.

Back to Top
CIM LOGO