
De Mann war géint Mëtteg an der Rue de l'Ecole agricole ënnerwee, wéi d'Police hien ugehalen huet. Bei der Kontroll hunn d'Beamte kleng Quantitéiten Heroin a Kokain fonnt.
Ewéi si dono d'Haus vum Mann duerchsicht hunn, war eng Fra doheem, déi och verdächtegt gëtt, um Drogenhandel bedeelegt ze sinn. Am Haus hunn d'Polizisten dunn och nach weider Droge fonnt.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl a si sinn e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter komm.
Am Ganze sinn 20 Gramm Heroin a klenger Quantitéite Kokain a Marihuana fonnt ginn.
De Sonndeg gouf eng weider Persoun wéinst Drogebesëtz festgeholl.
Nodeems en alkoholiséierte Mann den Ëmzuch zu Gréiwemaacher gestéiert hat, gouf hie vun der Police an eng Ausniichterungszell bruecht. Bei enger Kierperkontroll hunn d'Beamten eng Tut mat ronn 75 Gramm Amphetamin séchergestallt.
Bei enger Hausduerchsuchung vum Verdächtegen, déi vum Parquet ordonnéiert gouf, goufe weider Drogen saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a kënnt de Méindeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.