Ofännerung vun Accord a leschtem MomentDen Iran soll Fraise fir de Passage duerch d'Strooss vun Hormus dierfe froen

AFP, iwwersat vun RTL
D'USA an den Iran hu sech e Sonndeg no wochelaangen Negociatiounen op e grondsätzlechen Accord iwwer en Enn vum Krich gëeenegt. Dëse wier e Méindeg nach eng Kéier ugepasst ginn.
Hormus-Strooss
Schëffer beim Passage duerch d'Strooss vun Hormus.
© AMIRHOSSEIN KHORGOOEI/AFP

An den Accord de principe iwwer en Enn vum Krich tëscht den USA an dem Iran wier am leschte Moment eng Klausel bäigesat ginn. Dat mellt déi iranesch Noriichtenagence Fars a berifft sech dobäi op Sourcen aus dem Ëmfeld vun den Negociatiounen. Den Text vum Accord wier deemno am leschten Abléck geännert ginn, "fir d'Fro vun der iranesch-omanescher Souveränitéit iwwer d'Strooss vun Hormus kloer an ausdrécklech ervirzehiewen".

Am Text géif deemno am Zesummenhang mat der Strooss vun Hormus de Begrëff "maritim Déngschleeschtungen" opdauchen. Konkret géing dat bedeiten, dass fir de Passage vun der Mierenkt Fraisen un den Iran wäerte musse bezuelt ginn, heescht et vu Fars.

D'USA an den Iran hu sech e Sonndeg no wochelaangen Negociatiounen op e grondsätzlechen Accord iwwer en Enn vum Krich gëeenegt. Dem Donald Trump no wier et d'Reouverture vun der, fir de weltwäiten Ueleghandel esou wichteger, Strooss vun Hormus.

Den Accord soll e Freideg zu Genève an der Schwäiz ënnerschriwwe ginn.

Back to Top
CIM LOGO