
Dëse Freide soll ee virleefegen Accord an der Schwäiz ënnerschriwwe ginn. Den amerikanesche President Trump huet vun enger vollstänneger Eenegung geschwat, an huet och déi iranesch Hafeblockad an der Strooss vun Hormus opgehuewen. D'Strooss vun Hormus soll da vun e Freideg u fir d'éischt emol opgoen, fir datt d'Minne kënne geraumt ginn. Warscheinlech wäert et also nach kuerz daueren, bis d'Strooss fir den Transport vu Pëtrol opgeet. Op senger Plattform Truth Social sot den US-President Trump, duerno géif de Pëtrol "op béide Säite fir d'Regioun an d'Welt fléissen."
D'Pëtrolspräisser hunn op dës Nouvelle mat zolitte Chutte reagéiert. De Präis fir ee Barrel vun der weltwäiter Referenzzort Brent ass ëm 4 Prozent op 84 Dollar erof gaangen. Och d'Bourssen an Asien hu gutt reagéiert. De japaneschen Nikkei hat eng hallef Stonn no Handelsstart scho 4,6 Prozent zougeluecht.
Genee Detailer iwwer den Accord sinn net bekannt. Gewosst war allerdéngs, datt den iraneschen Atomprogramm ee vun den Haaptknackpunkten an de Verhandlunge war. Wéi den Donald Trump op senger Plattform Truth Social matdeelt, wäert den Iran ni eng Atomwaff besëtzen.
Wéi et vun der US-Plattform "Axios" heescht, gesäit de Grondsazaccord eng Verlängerung vun der Wafferou tëscht den USA an dem Iran ëm 60 Deeg vir. Duerno sollen Atomgespréicher mam Iran ufänken. Bis d'Strooss vun Hormus nees normal fir den Handel op ass, kann et deemno nach e bëssen daueren. Nieft de Minnen, déi musse geraumt ginn, muss och Infrastruktur reparéiert ginn. Iwwerdeems misst d'Mieresenkt ofgeséchert ginn, huet et op "Axios" geheescht.
Fir Teheran ass et wichteg, datt et och am Libanon zu engem dauerhafte Fridde soll kommen. Israel flitt jo massiv Bombardementer géint déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz, wat den Trump hënt kritiséiert huet. Et dierft een den Accord elo net op d'Spill setzen.
Et huet ee sech een Delai vu 60 Deeg ginn, fir dee finale Friddensaccord op d'Been ze stellen.