No Messerattack zu EttelbréckAffer war Curateur vum Täter senger Faillite

Maxime Gillen
De Parquet vun Dikrech ermëttelt wéinst versichtem Mord oder versichtem Doudschlag, nodeems zu Ettelbréck e Mann schwéier mat engem Messer blesséiert gi war.
© RTL-Grafik

Nom Messerugrëff de leschte Freideg zu Ettelbréck, bei där e Mann vu 34 Joer schwéier blesséiert gi war, enquêtéiert de Parquet vun Dikrech elo wéinst versichtem Mord oder versichtem Doudschlag.

Am Verdacht steet en 53 Joer ale Mann, deen den Dag selwer nach an enger Niewestrooss gepëtzt gi war. Wéi et schéngt, war d‘Affer de Curateur, dee sech ëm d‘Faillite vum presuméierten Täter gekëmmert huet. Dëse sëtzt aktuell an Untersuchungshaft.

Et gëllt d'Presomption d'innocence, bis eng Schold bewisen ass.

Back to Top
CIM LOGO