Fir iwwer 166 Milliounen Euro d'JoerDe Staat lount Gebaier vun enger Gesamtsurface vu knapp 600.000 Meterkaree

Joel Detaille
Alles an allem ginn 302 Gebailechkeete gelount.

De Staat lount Gebaier vun enger Gesamtsurface vu knapp 600.000 Meterkaree. Dofir ass e Loyer fälleg vun eppes méi wéi 166 Milliounen Euro pro Joer. Dat geet aus der Äntwert vum Finanzminister Gilles Roth op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo ervir.

An engem Tableau gi sämtlech Gebailechkeeten opgelëscht, mat der Lokalitéit wou se sinn. Am Ganze sinn et der 302.

PDF: Oplëschtung vun de Gebailechkeeten, déi vum Staat gelount ginn

De gréissten Eenzel-Loyer gëtt fir e Gebai an der Stad fälleg, an deem Servicer vum Ausseministère ënnerbruecht sinn: ëmmerhin 6,9 Milliounen € pro Joer.

Back to Top
CIM LOGO