
E Méindeg kuerz viru Mëtteg krut d'Police e Mann gemellt, deen zu Helsem soll bei engem Haus geschellt hunn, dat eidel steet. Dat ass engem Noper opgefall, deen du vum Mann mat engem spatze Géigestand menacéiert gouf, eventuell mat engem Messer, dat nodeems dësen den Telefon erausgeholl hat.
Am Kader vun enger Enquête konnt de presuméierten Täter ermëttelt ginn. De Parquet huet ugewisen, dass de Mann verhaft soll ginn. Hien hat um Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. Well e sech ënner anerem onkooperativ verhalen huet, krut en och nach e Protokoll wéinst Rebellioun.