EschZwee Männer, déi Droge bei sech haten, si festgeholl ginn
RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kontroll e Méindeg den Owend am Park Laval zu Esch gouf Cannabis, Kokain an eng gewëss Zomm Boergeld bei zwee Männer fonnt.
Update: 10.12.2025 09:03
Net wäit ewech hunn d'Beamten an enger Heck nach weider 5 Kugele Kokain fonnt. Op Uerder vum Parquet goufen de Verdächtegen hir Wunnengen duerchsicht an d'Männer dono och festgeholl.
Si kommen en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.