PoliceZwee Fuerverbueter wéinst Alkohol um Steier, Farerflucht um Belval an Abroch zu Beetebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt an hirem Bulletin e Mëttwoch kuerz viru Mëtteg eng sëllege Virfäll.
© Police Archivbild

Kuerz no Hallefnuecht krut d'Police e Gefier zu Lëntgen gemellt, dat am Zickzack ënnerwee wier. D'Automobilistin hätt wuel ze déif an d'Glas gekuckt. Zu Miersch konnt dat gemellte Gefier um Enn vun der Police ausgemaach a gestoppt ginn. En Test bei der Automobilistin ass positiv verlaf a si krut nieft engem Fuerverbuet och nach e Protokoll.

D'selwecht ass et engem anere Chauffer e puer Stonne méi spéit zu Esch ergaangen. Um fréie Mëttwochmoien hat d'Police e Won gemellt kritt, dee mat quiitschende Pneuen op der Place de la Paix ënnerwee wier. Eng Patrull huet kuerz drop versicht, den Automobilist ze stoppen, deen huet dëst allerdéngs ignoréiert, sou dass et zu enger Poursuite koum. Zwou Stroosse méi wäit konnt hie gestoppt ginn a gouf kontrolléiert. Och hei war Alkohol am Spill an en Test positiv.

Farerflucht no Policekontroll um Belval

En Dënschdeg ass enger Patrull géint 17:40 Auer e Gefier wéinst der opfälleger Fuerweis negativ opgefall. De Chauffer gouf ugehalen, ma wéi d'Beamten amgaange waren, seng Pabeieren ze kontrolléieren, huet de Mann den Auto gestart an huet sech ewechgemaach. Relativ séier waren en puer Patrullen an och de Policehelikopter bei der Sich nom Flüchtege bedeelegt. Säi Gefier konnt spéider entdeckt ginn, vum Mann huet do awer all Spuer gefeelt. Dëse wier éischten Informatiounen no ze Fouss duerch e Park an der Géigend geflücht. Weider Sichaktiounen sinn negativ verlaf.

Op Uerder vum Parquet gouf d'Gefier saiséiert an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Abroch zu Beetebuerg

Da mellt d'Police och nach een Abroch an een Eefamilljenhaus en Dënschdeg géint 16:45 Auer an der Route e Peppange zu Beetebuerg. D'Bewunner haten dëst no hirem Retour aus der Vakanz bemierkt. Den onbekannten Täter hat d'Schlass vun der Haaptentréesdier opgebrach, fir an d'Haus eranzekommen. Banne goufen d'Raim duerchwullt a e puer Géigestänn aus Gold geklaut.

Et gouf protokolléiert an Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO