
E Samschdeg den Owend géint 18:30 Auer gouf et méi schwéieren Accident op der A6, tëscht Stroossen an dem Briddel. E Motocyclist war hei mat senger Maschinn gefall. Nieft de Pompjeeë vu Mamer an Hesper, gouf och de Stater SAMU grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad an den Asaz geruff. Eng Persoun ass bei deem Accident verwonnt ginn. Wéi d'Police an hirem Bulletin preziséiert, war de Chauffer vum Motorrad ënnert der Leitplank ageklemmt ginn an huet mussen do befreit ginn. E gouf schwéier verwonnt, Liewensgefor bestoung awer keng. Den Alkoholtest ass iwwerdeems negativ ausgefall.
E weidere Blesséierte gouf et géint 19:10 Auer op der Streck tëscht Steebrécken a Féiz. Och hei war e Motocyclist gefall. D'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Schëffleng waren op der Plaz.
Zu Réimech "Op der Kopp" ass um Sonndeg kuerz no 2 Auer een Automobilist bäigaangen. D'Rettungsdéngschter vun Réimech hu sech ëm den Asaz gekëmmert. Et blouf beim Materialschued .