SAMU am AsazChauffer a schroem Accident tëscht Mamer a Bartreng liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter e Mëttwoch den Owend, mat allkéiers engem Blesséierten. Och de SAMU war am Asaz.
© Laurent Weber

Um 23:41 Auer e Mëttwoch ass en Auto op der Route d'Arlon (N6) tëscht Bartreng a Mamer accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D'Police huet en Donneschdeg de Moien Detailer zum schroen Accident ginn. Éischten Informatiounen no war de betraffenen Auto a Richtung Mamer ënnerwee, wou de Chauffer aus bis ewell ongekläerter Ursaach op d'Géigespuer koum an an ee Luuchtepotto gerannt ass. De Chauffer gouf liewensgeféierlech blesséiert a koum no Éischter Hëllef op der Plaz fir weider Traitementer an d'Spidol. Op der Plaz waren de Stater SAMU an d'Ekippe vu Mamer.

E puer Minutten drop koum et zu engem weideren Accident op der N11 tëscht Gonnereng an dem Waldhaff, och hei gëtt eng blesséiert Persoun gemellt. D'Ekippe vun Nidderaanwen a Jonglënster waren am Asaz.

D'Police huet e Mëttwoch den Owend an enger Verkéierskontroll dann och nach eng Automobilistin, déi däitlech ze séier ënnerwee war. Kuerz viru Mëtternuecht ass hinnen eng Fra um Boulevard Robert Schuman um Lampertsbierg an d'Netz gaangen, déi mat 110 Stonnekilometer amplaz vun den erlaabten 50 ënnerwee war. Wou si d'Automobilistin kontrolléiert hunn, hu si och gemierkt, datt si ze vill gedronk hat. D'Faite goufen zu Protokoll geholl a si krut ee provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO