CGDISZwee Accidenter e Samschdeg den Owend, een e Sonndegmoien

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg den Owend zu zwee Virfäll op eise Stroossen.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS Archivbild

Géint 19:15 Auer krute sech zu Dikrech an der Rue Guillaume zwee Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Rettungsservicer Nordstad waren am Asaz.

Méi spéit, kuerz virun 21 Auer, koum et zu Hiefenech zu engem Accident mat engem Auto. Och hei ass ee Blesséierten ze kloen. D'Pompjeeë vun Hiefenech an d'Ambulanz aus der Fiels goufe geruff.

E Sonndeg de Moie kuerz viru 06:30 Auer huet et dann nach op der RN22 tëscht Béiwen-Atert a Biissen gerabbelt. Do goufen dräi Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO