
Zwee Autoe koumen an der Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng net laanschteneen, dat en Donneschdeg de Moie géint 6.30 Auer. Eng Persoun gouf hei blesséiert, d'Rettungsdéngschter vu Péiteng an dem SaDiff waren op der Plaz.
Géint 10.30 krut dunn um CR301 tëscht Ell a Biekerech en Auto eng Persoun ze paken. Och hei gouf eng Persoun verwonnt, d'Rettungsekippe vu Réiden an Ell waren am Asaz.
D'Rettungsdéngschter vu Lëntgen, Walfer, Luerenzweiler a Keelen goufen géint 9 Auer op e Feier zu Helsem an der Dikrecher Strooss geruff, hei hat et en engem Appartement gebrannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Zu Bolldendorf-Bréck hat dann nach eng Poubelle gebrannt. Hei waren déi lokal Rettungsekippen am Asaz, et blouf beim Materialschued.