Concours de plaidoiries um Ieweschte GeriichtZukünfteg Affekote plaidéieren um Geriicht

Diana Hoffmann
Rhetorik a juristescht Feigefill stoungen e Samschden am Nomëtteg beim Concours de Plaidoiries op der Prouf.
Concours de plaidoiries um Ieweschte Geriicht
Rhetorik a juristescht Feigefill stoungen e Samschden am Nomëtteg beim Concours de Plaidoiries op der Prouf.

Mat der Manéier wéi een eng Affekote-Robe muss undoen, hat deen een oder aner jonken Droit-Student nach seng Problemer. Esou eng haten d’Kandidate vum Concours de plaidoiries nach net un. A viru Geriicht huet natierlech och nach kee vun hinne plaidéiert. Nei Erfarunge sammelen, genee dat war d’Zil vun dësem Wettbewerb. “D’Zil vum Concours ass, dass mer de Studenten d’Méiglechkeet ginn, eng juristesch Positioun méiglechst gutt an eloquent virun engem prestigiéise Jury ze verdeedegen. Dat heescht fir hinnen eng vun de Beruffsméiglechkeeten, nämlech déi vum Affekot, méi no ze bréngen”, seet de Charel Bollig vun der l’Association Nationale des Étudiants Luxembourgeois en Droit (ANELD).

Plaidéiert goufen erfonnten Affären an der Matière vum Strofrecht. Dëst kéier war et e Fall, wou Donnéeën un d’Press geleakt goufen, an ee vun enger potentieller Bestiechung. E Jury huet dono decidéiert, wien am beschten Iwwerzeege konnt. D’Presenz an d’Rhetorik sinn hei ganz wichteg. Mir sinn hei net fir direkt op d’Kompetenzen ze jugéieren, mee méi fir ze kucken, wéi se mat der Sprooch eens ginn. D’Iwwerzeegungskraaft ass villäicht méi wichteg. Mer hu lo net gekuckt ween elo richteg oder falsch plaidéiert”, huet den Affekot François Prum, Präsident vun enger vun de Juryen ënnerstrach. Awer natierlech géing och d’Richtegkeet gekuckt ginn, mee eben net an éischter Linn.

Matmaache konnt jiddereen, dee schonn e Kuer am Droit pénal oder an der Procedure pénal gemaach huet. Acht Leit haten sech gemellt, déi dono och alleguerten hiren Optrëtt virun der Jury haten. Di éischt Ronn gouf an zwee Räim parallel ausgedroen an huet eng Stonn gedauert. “An der Situatioun ze sinn ënnert den normale Konditioune mat dem Stress an Drock vun engem pénale Prozess war ganz spannend. An ech mengen et ass och iergendwéi fir ze motivéieren», sot de Mohamadour Sy no der éischter Ronn. Hie studéiert aktuell a sengem leschte Joer Droit.

An der éischter Ronn konnten sech de Guillaume Keller an d’Emma Neves duerchsetzen. “Ech hunn dat doten nach ni gemaach. Dat heescht, ech si mega gestresst. Mee ech sinn awer frou lo an der Finale ze sinn. An nach e bëssi méi kënnen ze léieren, och mat der Affekotin, déi mer wäert hëllefen. Ech hoffen op eng gutt a cool Finale”, huet d’Emma Neves betount, déi aktuell an hirem drëtte Joer Droit zu Bréissel studéiert.

Déi zwee Finaliste konnten sech no der éischter Ronn awer net laang erblosen. Eng Stonn haten se just Zäit, fir sech zesumme mat engem Coach op déi lescht Ronn ze preparéieren.

Back to Top
CIM LOGO