
En Dënschdeg wollt eng Patrull vun der Police an der Rue Jean-Pierre Michels zu Esch-Uelzecht e Mann kontrolléieren, deen op enger elektrescher Trottinett ënnerwee war. Dësen ass doropshi geflücht. D'Beamten hunn hien awer kuerz drop lokaliséiert. D'E-Trottinett gouf kontrolléiert an et huet sech erausgestallt, dass hir Maximalvitess iwwert dem gesetzlech erlaabte Maximum louch. De Fuerer huet d'Trottinett fräiwëlleg stoe gelooss an et gouf e Protokoll geschriwwen.
Iwwerdeems huet d'Police zwee Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn:
E Mëttwoch ass géint 17:50 Auer e Chauffer gemellt ginn, dee säi Gefier am Zickzack duerch d'Rue de Noertzange zu Beetebuerg gesteiert huet. Eng Patrull vun der Police huet de Mann kuerz drop gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest sollt dann och e positiivt Resultat uweisen.
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf dann e Gefier a Schlaangelinnen a mat ze héijer Vitess iwwer d'A13 an Direktioun Schengen gesteiert. Och hei huet sech bei enger uschléissender Kontroll erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat.