Luxembourg Business Events DayMinister Thill zefridde mat Entwécklung vum Business-Tourismus am Grand-Duché

Marlène Clement
Méi Evenementer, méi Leit a virun allem och méi laang Openthalter. Den delegéierte Minister fir Tourismus, Eric Thill, seet sech zefridde mat der Entwécklung vum Business-Tourismus am Grand-Duché.
© Marlène Clement

An der Moyenne bleiwe Leit, déi zu Lëtzebuerg op Geschäftsrees sinn, annerhallwen Dag, huet den zoustännegen DP-Minister en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz am Kader vum Luxembourg Business Events Day präziséiert. Si géingen am Duerchschnëtt 780€ wärend hirem Openthalt ausginn. Zejoert goufe ronn 11.600 Business-Evenementer, also zum Beispill Kongresser a Konferenzen, organiséiert, dat ass e Plus vun 11 Prozent am Verglach mam Joer virdrun.

Liest hei dat offiziellt Schreiwes vum Wirtshcaftsministère zum "Luxembourg Business Events Day"

Déi entspriechend Presentatioun vum Minister Thill fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO