EU-Innen- a -Justizminister zu Lëtzebuerg beieneenSchengen misst nees voll spillen, sou de Léon Gloden

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Schengen-Accord ass och den EU-Asyl- a -Migratiounspak Thema beim Treffe vun den Innen- a Justizminister.
De Léon Gloden mam letteschen Inneminister Igor Taro an dem zyprioteschen Inneminister Nicholas Ioannides bei engem Treffen zu Bréissel am Mäerz 2026.
De Léon Gloden mam letteschen Inneminister Igor Taro an dem zyprioteschen Inneminister Nicholas Ioannides bei engem Treffen zu Bréissel am Mäerz 2026.
© DURSUN AYDEMIR/Anadolu via AFP

D'EU-Innen- a -Justizminister sinn en Donneschdeg an e Freideg zu Lëtzebuerg beieneen. Ee Sujet ass de Schengen-Accord, deen dem Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden no nees misst voll spillen. An deem Kontext huet den Inneminister sech dann och en Donneschdeg géigeniwwer der internationaler Press geäussert:

"Es sind keine fixen Kontrollen mehr an den deutsch-luxemburger Grenzübergängen. Das Feedback ist positiv. Schengen muss aber wieder komplett in Kraft treten. Schengen must be alive. Deswegen begrüßen wir dass Gutachten der EU-Kommission, was bestätigt, dass der Beweis fehlt, dass die Kontrollen proportional sind und hat so die Argumentation der luxemburger Regierung übernommen."

Ze bedauere wier awer, datt am Avis keen Datum steet, op deem déi däitsch Grenzkontrollen definitiv gestoppt ginn.

E weidert Thema ass dann den EU-Asyl- a -Migratiounspak. Et geet ënner anerem ëm d'Retourzentren an Drëttstaaten, déi sougenannte "Returnhubs", fir Flüchtlingen, déi keen Asyl kruten, awer net an hier Heemescht kënnen zeréck geschéckt ginn. Lëtzebuerg géif dës am Prinzip ënnerstëtzen, allerdéngs mat enger Nuance:

"Die Asylanten, die die Bedingungen erfüllen, sind willkommen und bekommen Hilfe bei der Integration. Die anderen müssen zurück. Deswegen unterstützen wir die Idee von den Returnhubs, sind aber dagegen, dass Frauen oder Familien dorthin müssen."

De Léon Gloden a seng Homologen diskutéieren dann och iwwert eng temporär Verlängerung vum spezielle Protektiouns-Statut fir Ukrainer. Fir Lëtzebuerg wier et hei wichteg, datt een eng gemeinsam Positioun fënnt.

Back to Top
CIM LOGO