Op eise StroossenSiwe Blesséierter bei dräi Accidenter um Donneschdegmoien

RTL Lëtzebuerg
Och am Laf vum Donneschdegmoie mellt de CGDIS nees eng ganz Partie Blesséierter am Trafic
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
© Laurent Weber

Géint 6:20 Auer goufe véier Persoune blesséiert, wéi zu Héiweng an der Rue de Garnich en Auto an eng Mauer gerannt ass. D'Pompjeeë vu Koler an d'Ambulanciere vu Péiteng waren op der Plaz.

Um 7:30 Auer gouf et dann ee Blesséierten, wéi en Auto op der RN08 tëscht Sëll a Bruch e Bam ze pake krut. Hei waren d'Pompjeeë vu Béiwen an Tënten am Asaz, grad ewéi d'Ambulanciere vu Miersch.

Zwee Blesséierter gouf et schliisslech bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe géint 8:50 Auer um CR115 tëscht dem Rouscht a Kruuchten. D'Pompjeeë vu Biissen an d'Ambulanciere vu Miersch waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO