
Dat confirméiert den Äerzbistum op RTL-Nofro. Wéi et heescht, gëllt d'obligatorescht Droe vum Mond- an Nueseschutz, wann een op de Kierfecht kënnt, wärend dem Seene vun de Griewer a beim Verloosse vum Kierfecht. Eng Limitt fir Leit, déi op de Kierfecht dierfe goen, gëtt et net. De Kierfecht zielt der kathoulescher Kierch no als e "Lieu Public", esou dat hei d'Limitatiounen, wéi am Privaten, net gräifen.
LINK: Weider Detailer zu de Reegelunge beim Seene vum KierfechtEng Exceptioun gëllt just wärend dem Seenen, wa Leit beienee stinn, déi an engem Stot beienee wunnen a wann d'Distanzreegel vun 2 Meter zu den anere Griewer ka garantéiert ginn.
Och de Paschtouer oder Laien, deen d'Griewer seent, an d'Massendénger si gehalen, eng Mask unzehunn.
Well an der Advents- a Chrëschtzäit och ëmmer vill Concerten an de Kierche sinn, preziséiert den Äerzbistum, datt mussen Autorisatioune fir dës Evenementer beim Paschtouer, respektiv der Gemeng an dem Kierchefong virdrun ugefrot ginn.
Wärend dem Concert gëllt dann eng Maskeflicht, wann d'Distanzreegel vun 2 Meter net kéint agehalen ginn. Och d'Sänger an d'Museker mussen e Sécherheetsofstand vun 2 Meter wärend de Concerten anhalen - d'Concerte sollen dann och net méi laang wéi eng Stonn laang daueren, réit den Äerzbistum.

LINK: Wéini gi wou d'Griewer geséint? D'Detailer op cathol.lu