
E Mëttwoch de Moie waren déi éischt Entrevuen am Virfeld vun der Tripartite. Vun 9 bis 10 Auer huet d'Regierung d'Vertrieder vun OGBL an LCGB gesinn, d'
Vertrieder vum Patronat du vun 10:30 bis 11:30 Auer.
D'OGBL-Presidentin Nora Back huet gesot, datt d'Gewerkschafte vun der Regierung gefrot goufen, wat si gären um Ordre du jour vun der Tripartite hätten.
Ma äert déi eigentlech Tripartite ufänkt, gëtt déi nächst Woch fir d'éischt de Constat gemaach, e wichtege Schratt, sou d'Nora Back:"Mir sinn eis gemeinsam eens ginn, datt dee Constat een ass iwwert d'ekonomesch Situatioun, awer och iwwert déi sozial Situatioun. Wéi geet et de Betriber, mee wéi geet et och de schaffende Leit an hire Familljen hei zu Lëtzebuerg? Do ass ee Konsens driwwer, datt dat d'Reunioun vum 12. [Mee] ass. An da komme mer zu de Sujeten, do hu mer natierlech d'Kafkraaft, dat ass fir eis natierlech normal, datt dat eent vun eisen Haaptuleiessen ass. A bei der Kafkraaft schwätze mer iwwert d'Léin, mir schwätzen iwwert d'Energiepräisser a mir schwätzen iwwert de Mindestloun."
Nieft der Kafkraaft géingen d'Gewerkschaften nach gären iwwert dräi weider Sujete schwätzen: d'Aarbechtsplazesécherheet, d'Logementskris an d'Gesondheetsversuergung. D'Nora Back sot allerdéngs selwer, datt déi zwee lescht Sujeten net onbedéngt üblech fir eng Tripartite sinn.
Drop ugeschwat, ob déi dann eventuell hannen iwwer fale kéinten, oder ob d'Gewerkschaften dorobber bestinn, war et dës Äntwert vum LCGB-President Patrick Dury: "Dir musst jo wëssen, datt déi zwou Organisatiounen u sech gesot hunn, wann eis Gesondheetsversuergung fält, da kënnt et hei am Land zu engem Sozialkonflikt. Nach eng Kéier, mir sinn net hei, fir Konflikter lass ze trëppelen, mir sinn hei, fir Léisungen ze fannen. Mee dir musst wëssen, d'Gesondheetsversuergung ass een Uruleies vun de Gewerkschaften, vun der Gewerkschaftsunioun, an do musse mer u sech Rou erakréien an do musse mer u sech d'Leit berouegen an net nach méi an d'Onsécherheet bréngen."
Beim Patronat wëllt een iwwerdeems net iwwer strukturell, mee reng iwwert konjunkturell Problemer schwätzen. Et géing ëm d'Kompetitivitéit vun de Betriber goen, an do géingen d'Energiepräisser, d'Léin an d'Lounniewekäschten eng Roll spillen, esou den UEL-President Michel Reckinger.
Da sief nach gesot, datt fir d'Regierung nieft dem Premier Luc Frieden, nach de Vizepremier Xavier Bettel, de Finanzminister Gilles Roth an de Logementsminister Claude Meisch mat dobäi sinn.
Géint 15 Auer e Mëttwoch de Mëtteg gëtt et dann nach eng Entrevue mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an dono, sou géint 16 Auer, ass ee Point Presse vun der Regierung.