Police bestätegtZu Wuermer gouf e Bancomat gesprengt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police eis confirméiert huet, gouf kuerz viru 5 Auer zu Wuermer e Bancomat gesprengt, dowéinst war d'Haaptstrooss fir den Trafic gespaart.
Bancomat zu Wuermer gesprengt
En Donneschdeg kuerz viru 5 Auer moies gouf zu Wuermer e Bancomat gesprengt. D'Haaptstrooss huet misse gespaart ginn.

D'Leit déi uewen driwwer wunnen, hätten den Tëschefall gemellt. D'Police war op der Plaz, och mat der Spueresécherung. Et gouf kee blesséiert. D'Strooss war bis kuerz virun 12.30 Auer gespaart.

Duerch d'Explosioun ass ënnert anerem d'Vitrinn vun engem Buttek direkt niewendrun komplett futti gefuer. Op de Fotoe vun der Police kann een och erkennen, dass Stécker wuel bis op déi aner Stroossesäit geflu sinn, an do Autoe beschiedegt hunn.

An de leschte Wochen a Méint gouf et eng ganz Serie vun änleche Fäll. D'Täter operéieren meeschtens am Grenzgebitt. Fir d'lescht de 5. September am Pommerlach. Alles an allem goufen zanter dem Mäerz 2018 9 Bancomaten gesprengt.

Gesprengte Bancomaten: Police schafft bei Ermëttlunge mat den Nopeschlänner zesummen

Back to Top
CIM LOGO