
D’Lycéeë waren am Grand-Duché just 34 Deeg laang ganz zou. Dat ass quasi Rekord an der OECD, just Neiséiland hat manner laang de Secondaire zou. Duerchschnëttlech waren an der OECD d’Lycéeën 92, respektiv 101 Deeg zou. A Polen beispillsweis waren et 190 Deeg.
Hei am Land haten déi iewescht Klassen am Lycée par Konter awer och 116 Deeg laang deels Homeschooling. Dat ass méi wéi an de meeschten anere Länner.
Alles an allem haten déi iewescht Klassen am Lycée hei am Land 150 Deeg laang keen normalen Unterrecht tëscht dem 1. Januar 2020 an den 20. Mee 2021, also bannent 18 Méint.